Eng Bibel op Lëtzebuergesch, well et Deel vun der Kultur ass

© Miriam Fleming
D'Bibel ass dat Buch, wat weltwäit am heefegsten iwwersat gouf. D'Miriam Fleming huet dat hellegt Buch an d'Lëtzebuergescht iwwersat.
Den Erhalt an d'Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch ass ëmmer rëm e Sujet an der Chamber a war och wärend de Walen nees e grousst Thema. Ma den Erhalt vum Lëtzebuergeschen an d'Fërderung läit awer net nëmmen an der Hand vun der Regierung, mee och d'Leit musse sech bedeelegen, fannen d'Miriam Fleming an hire Mann David Schartz.
Ëmmer nees goufe si dorop opmierksam gemaach, dass et keng Bibel op Lëtzebuergesch gëtt an dass dat jo awer en Deel vun eiser Kultur wier. Also hu si et selwer an d'Hand geholl an d'Miriam Fleming huet 2011 ugefaangen, dat neit Testament op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen.
"Et läit och un eis, eppes ze maachen an esou droe mir eisen Deel zu der Lëtzebuerger Sprooch bäi."
Dat awer net eleng. Zesumme mat hirem Mann huet si d'ASBL "Bibel fir Lëtzebuerg" gegrënnt. Si hu sech eng Bibelgesellschaft gesicht, déi de Projet mat ënnerstëtzt, eng Handvoll Iwwersetzer, déi d'Iwwersetzungen iwwerpréiwen an da muss dëst nach eng Kéier kontrolléiert ginn. Mëttlerweil sinn tëscht 12 a 15 Lëtzebuerger aus allen Altersschichten un dësem Projet bedeelegt.
An obwuel d'Miriam Fleming dëst déi lescht Joren nieft hirer Aarbecht gemaach huet, war een nach relativ séier. "Mir hunn dat neit Testament a ronn 7 Joer fäerdeg kritt. Zënter Dezember 2017 schaffen ech um alen Testament. Mir schätzen, dass dëst an 8 Joer fäerdeg ass." Am Duerchschnëtt dauert et 25 Joer, fir d'Bibel an eng aner Sprooch ze iwwersetzen. De finanziellen Opwand dovu läit bei ronn enger Millioun US-Dollar.

© Miriam Fleming
D'Miriam an hir Ekipp finanzéieren dëse Projet just mat Spenden. Vum September u wëll si da Vollzäit doru schaffen, well d'Demande esou grouss wier.
"Dat neit Testament hu mir bal 6.000 Mol drécke gelooss a verdeelt", sou hire Mann David Schartz, dee sech ëm d'ASBL këmmert. An d'Demande kënnt aus aller Welt. "Mir hunn dat neit Testament op Lëtzebuergesch quasi schonn op all Kontinent verschéckt. A Brasilien, Südkorea, England, Australien a sou weider."
D'Bibel aus dem Engleschen oder Däitschen an d'Lëtzebuergescht ze iwwersetzen, war fir d'Miriam awer keng Optioun. Si schafft mam Original. Dat neit Testament huet si also vu Koine-Griichesch op Lëtzebuergesch iwwersat. Dat alt Testament ass op Hebräesch. Fir dëst och liesen, verstoen an iwwersetzen ze kënnen, war d'Miriam 10 Méint a Jerusalem an huet do d'Sprooch op der Uni geléiert.
"Et ass ganz anescht, wann een d'Bibel am Originale liest. D'Sprooch ass vill méi direkt a schro. Do mierkt een, dass bei Iwwersetzunge Saache verluer oder verharmloost ginn. De Virdeel vun der Lëtzebuerger Sprooch ass, dass se och immens direkt ass. Vun der Long op d'Zong eben. Esou, dass déi Lëtzebuergesch Versioun méi schro am Vokabulär ass, wéi een et villäicht aus anere Sprooche kennt. Wann am Hebräesche vu Vergewaltegung geschwat gëtt, kann ech dat net mat 'matenee schlofen' iwwersetzen."
Ma och de passende Vokabulär ze fannen, ass net ëmmer einfach. Sou misst een ëmmer rëm Dictionnairen duerchsichen, fir iwwerhaapt eng Lëtzebuergesch Versioun vun engem Wuert ze fannen. E Beispill, dat hänke bliwwen ass, ass d'Sich nom Wuert wat d'Geräisch beschreift, wat e Päerd mécht.
"An der Bibel stoung, d'Päerd hu "gewiehert", mee wéi seet een dat op Lëtzebuergesch? Ech hu mech vill ëmfrot, a Gruppen op Facebook nogefrot an den Zentrum vun der Lëtzebuerger Sprooch kontaktéiert. Tatsächlech ass et "hénkelen". E Wuert, wat ee quasi net méi héiert, mëttlerweil ass et awer souguer am Lëtzebuerger Dictionnaire LOD."

Allgemeng schafft d'Miriam Fleming vill mam LOD zesummen a sicht hei ëmmer erëm Rot. Et ass der Lëtzebuergerin nämlech wichteg, d'Bibel genee esou ze iwwersetzen, wéi et am Original steet, näischt ze ëmschreiwen oder ze verharmlosen. Aktuell schafft d'Ekipp drun, déi fënnef éischt Deeler vum alen Testament, also d'Pentateuch, ze finaliséieren an dës drécken ze loossen, fir dass d'Leit eng Aart Virgeschmaach kréien, ier dat aalt Testament da komplett fäerdeg iwwersat, iwwerpréift a gedréckt ass.