
Da gouf eng nei Sektioun P geschafen, déi den Human- an Kognitiv-Wëssenschaften dediéiert ass. Et geet hei nieft engem héije Niveau an der Mathé ëm eng verdéift Approche an de Fächer Philo, Soziologie, Psycho a Pedagogie.
Eng weider nei Sektioun - R - ass déi vun der nohalteger Entwécklung an de Politikwëssenschaften. Hei gëtt de Fokus op d’Fächer Eko, Geo, Philo, Soziologie an Geschicht geluecht.
Déi nei Sektioune sollen eng Base légale kréien.
Den entspriechende Gesetzesprojet, deen um Dënschdeg vum Minister Meisch deposéiert gouf, muss lo natierlech op den Instanzewee. Wéi vill Bestand dann d’Sektiounen - déi nei an déi aktuell - hunn, steet awer an de Stären. Am Koalitiounsaccord ass nämlech festgehalen, datt d’Sektiounen am Secondaire Classique solle fale gelooss ginn, fir de Schüler méi e breede Choix u Fächer ze bidden. Wéini dee Projet Realitéit gëtt, ass net gewosst, mä d’Legislaturperiod dauert jo nach e puer Joer.