Bei dëser Occasioun huet de Grand-Duc Henri sech an enger Ried un déi belsch Kinnekskoppel adresséiert.
De Grand-Duc huet besonnesch déi enk Relatioun tëscht de Lëtzebuerger an de belsche Bierger ënnerstrach. Dës géif historesch wäit zeréck goen a wier nach haut ze gesinn. Dat géif sech zum Beispill doru weisen, dass déi drëttgréisste Lëtzebuerger Communautéit am Ausland an der Belsch lieft. Op der anerer Säit géife vill Leit mat belscher Nationalitéit am Grand-Duché liewen an déi méi ewéi 50.000 belsch Frontaliere géifen e wichtege Bäitrag zur Lëtzebuerger Gesellschaft, Wirtschaft a Kultur leeschten.
Och d’Wirtschaftsunioun tëscht béide Länner wier wichteg, a wäert sech och an Zukunft positiv op de Wuelstand vu béiden Natiounen ausdrécken. D’Staatsvisitt géif nei Méiglechkeete vun der Kooperatioun an der Raumfaart, de Finanzen, der Gesondheetstechnologie, der Economie circulaire an an der Verdeedegung op de Wee bréngen.
De Groussherzog ass a senger Ried dann och op de Krich an der Ukrain agaangen. Dëse géif et néideg maachen, dass d’Länner hir Efforten an der Verdeedegung verstäerkt matenee koordinéieren.
Europa an d’EU géifen dann a béide Länner eng besonnesch wichteg Roll spillen. Ëmmerhi géifen d’Haaptstied vu béide Länner den Titel vun der europäescher Haaptstad droen. De Grand-Duc wier zouversiichtlech, dass déi belsch Rotspresidentschaft sech fir eng Stäerkung vun der Europäescher Unioun asetze wäert. Nëmmen e gëeenten a staarkt Europa kéint dauerhafte Fridden, sozial Gerechtegkeet a Wuelstand garantéieren.
Och de belsche Kinnek ass a senger Ried op d’Wichtegkeet vun der Relatioun tëscht béide Länner a vum Europäesche Projet agaangen. Wéi wichteg e staarkt Europa wier, hätt sech esouwuel an der Coronapandemie ewéi och bei der russescher Invasioun vun der Ukrain gewisen. Den europäeschen Engagement wier aktuell méi gefrot ewéi jeemools virdrun.
Beim Staatsbankett um Schlass Laeken waren och eng Partie Gäscht aus Lëtzebuerg invitéiert. Ënnert anerem Vertrieder vun der Regierung. Esou de Premierminister Luc Frieden a Begleedung vu senger Fra oder och den Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel, dee vu sengem Mann begleet gouf. Och den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit war dobäi.
Donieft waren och eng Partie Vertrieder aus der Wirtschaftsdelegatioun um Schlass, wéi de President vun der Chambre de Commerce Fernand Ernster oder den Nicolas Mackel, deen nach bis den 1. September CEO vu “Luxembourg for Finance” ass an duerno de Poste vum EU-Ambassadeur fir Lëtzebuerg iwwerhëlt.