
Bannent de leschte 5 Joer si Ministere 25 Mol mat engem bezuelte Privatfliger geflunn.
Déi meescht Vollen an engem private Fliger huet den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn gemaach, mat ënner anerem Deplacementer op Lissabon, Berlin, Roum oder Madrid. Deen deierste Vol vum Ausseminister an engem Privatjet gouf et am Mäerz 2019 vum Findel an den Afghanistan, Usbekistan a Pakistan fir 100.000 Euro.
D’Inneministesch Taina Bofferding huet iwwerdeem e Privatvol am August 2019 vu Fuerteventura aus fir 47.000 Euro geholl. Dat war fir aus der Vakanz zréck op Lëtzebuerg ze kommen no engem Tornado den Dag virdrun an der Géigend vu Péiteng a Käerjeng. Och de Grand-Duc an de Premier haten hire Congé deemools ënnerbrach.
Wéi d’Taina Bofferding op Nofro hi matgedeelt huet, wier si vum Premier Xavier Bettel beoptraagt ginn, fir d’Cellule de crise ze leeden, esou wéi vum Gesetz virgesinn. Si war eleng zeréck aus der Vakanz op Lëtzebuerg komm, d’Famill war op Fuerteventura bliwwen.
Fir de Staatsminister Bettel gi sechs bezuelt Privatflich verbucht mam deierste Vol am August 2020 fir 40.000 Euro vu Lëtzebuerg op Krakau a Warschau.
Nieft dëse bezuelte Vollen an de Linneflich, déi d’Ministeren natierlech och fir hir Rendez-vousen huelen, goufen et bannent de leschte 5 Joer knapp 40 Vollen, déi am Kader vun engem Austauschprogramm mat der NATO gebucht goufen an domat gratis waren. Hei gëtt sech mam Echange vun Militärfluchstonnen ënnert de NATO-Partner ausgehollef.
Sou Volle goufen et ënner anerem op Brazzaville, Sibiu, Glasgow oder och op Niamey am Niger.
Dës Informatioune liwwert de Premier Frieden dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen, dee sech op en Artikel aus dem Mäerz an der Zeitung Lëtzebuerger Land beruff hat, wou rapportéiert gouf, datt de Premier Bettel Privatvolle fir Auslandsreese benotzt huet. Wéi et heescht, géifen d’Ministeren an der Reegel op dat Transportmëttel zeréckgräifen, dat Situatiounsbedéngt am effikassten ass. Privatflich wieren d’Exceptioun.