Budgetsrapport vum Diane AdehmD’Finanzplaz misst ausgebaut a Lëtzebuerg en Zentrum fir KI ginn

Carine Lemmer
Um Dënschdeg huet d’CSV-Deputéiert Diane Adehm an der Chamber hire Budgetsrapport gemaach. A sech dobäi op d’Finanzplaz konzentréiert.
Budgetsrapport vum Diane Adehm
Um Dënschdeg huet d’CSV-Deputéiert Diane Adehm an der Chamber hire Budgetsrapport gemaach. A sech dobäi op d’Finanzplaz konzentréiert.

An der Reegel géif net vill iwwer d’Lëtzebuerger Finanzplaz geschwat ginn. Mä villes, wat mer eis kënne leeschten, hänkt vun der Finanzplaz of. 64.000 Leit schaffen do. Een Drëttel vun allen Aarbechtsplazen hänkt indirekt vun der Finanzplaz of. All 4. Euro gëtt an de Finanzen erwirtschaft. Zejoert goufen do och 4,7 Milliarden Euro u Steieren bezuelt.

Lëtzebuerg bräicht méi Betriber a méi Leit fir sech weider z’entwéckelen. Talenter aus dem Ausland misst ee weider unzéien. De Standuert soll sech weider entwéckelen an de Grand-Duché kéint e Centre d‘excellence fir Daten, fir Super-Rechner, fir Cybersécherheet a fir KI ginn. Déi Kënschtlech Intelligenz wier amgaangen, eis Welt an engem rasanten Tempo ze veränneren. Lëtzebuerg sollt deen Zuch net verpassen, huet d’Budgets-Rapportrice gemengt.

D’Diane Adehm ass och op d’Iwwerverschëldung vun de Lëtzebuerger Stéit agaangen, déi zouhëlt. De Grond sinn déi héich Immobiliëpräisser. 81% vun de Stéit hunn en Immobiliëprêt. 35% vun de Stéit hunn och nach soss e perséinleche Prêt, meeschtens fir en Auto. An der ëffentlecher Diskussioun wier d’Iwwerverschëldung en Tabu. Et géif och kaum Statistike ginn. An der Schoul misst d’Education financière obligatoresch um Programm stoen. An der Belsch gëtt et eng Kreditzentral, wou all Resident muss seng Prêten, déi en huet, mellen a registréiere loossen. Dat kéint och eng Iddi fir Lëtzebuerg sinn, huet d’CSV-Deputéiert an hirem Budgetsrapport analyséiert. D’Bankgeheimnis dierft awer net a Fro gestallt ginn.

De Budget 2024 ass en Iwwergangsbudget fir déi Rescht 8 Méint vum Joer. D’Regierung géif awer schonn éischt Akzenter setzen. De Budget vum Zentralstaat huet en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro, dee vum Gesamtstaat (do sinn d’Gemengen an d’Securité Sociale mat dran) huet e Minus vun 987 Milliounen Euro. D’Mesurë vum Solidaritéitspak a vum Energiedësch maache bei den Depensen e groussen Deel aus. Op der anerer Säit géif weider vill investéiert ginn. D’nächst Joer maachen d’Investitiounen 4,4% vum PIB aus.

Back to Top
CIM LOGO