NATO-Admiral Bauer am Interview"Geet net drëm, de Leit Angscht ze maachen, ma ze weisen, wat Realitéit ass"

Caroline Mart
Mir sinn definitiv an enger anerer Welt. No Joerzéngte vun Ofrëschtung gëtt iwwerall massiv investéiert.
Den NATO-Admirol Robert Bauer am RTL-Interview (Deel 1)
Mir sinn definitiv an enger anerer Welt. No Joerzéngte vun Ofrëschtung gëtt iwwerall massiv investéiert.

Déi weltwäit Verdeedegungs- a Rëschtungsausgabe waren 2023 op engem absolutte Rekord ukomm vun 2,443 Billiounen US-Dollar. Och Lëtzebuerg bedeelegt sech am Kader vun der NATO un dem Effort an huet seng Militärdepensen gehéicht.

Zwee Deeg laang war den ieweschte Militär vun der NATO, de Robert Bauer zu Besuch zu Lëtzebuerg an huet do ënnert anerem och d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes getraff. Den hollänneschen Admirol ass de Beroder vum Generalsekretär Jens Stoltenberg an all de politesche Decideuren an de well 32 Memberstaate vun der transatlantescher Allianz.

Um Rand vun enger Visitt bei der SES huet hien RTL en Interview ginn a gemengt, dass mir keng aner Wiel hätten, wéi d’Ukrain ze ënnerstëtzen, dat géing och bedeiten, dass mir an ons eege Sécherheet investéieren. “Et géing net drëm goen, de Leit Angscht ze maachen, mee kloer ze maachen, wat d’Realitéit ass”.

Sollt de Putin méi wäit goen an e NATO-Land ugräifen, misste mir ons bewosst sinn, dass mir an dem Fall selwer am Krich mat Russland wiere an och eng méiglech Zilscheif.

Wat kann e klengt Land wéi Lëtzebuerg maachen, wéi grouss ass d’Ofhängegkeet vun den USA fir eng NATO, wat geschitt am Fall, wou den Donald Trump nees President gëtt a wéi eng Roll spillt China am Ukrainkrich a kann dës de Krich gewannen?

Iwwer all dat geet riets am längeren Interview mam Admirol Robert Bauer.

75 Joer NATO: E kuerzen zäitlechen Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO