Debaten iwwer Budgetsprojet2025 soll d'Steierklass 1A entlaascht ginn an Energimesurë sollen auslafen

RTL Lëtzebuerg
Bei den Debaten iwwert de Budgetsprojet fir dat lafend Joer ass et de Mëttwoch de Moie virun allem ëm d'nächst Joer gaangen.
© SIP / Julien Warnand

Bei den Debaten iwwert de Budgetsprojet fir dat lafend Joer ass et de Mëttwoch de Moie virun allem ëm d’nächst Joer gaangen. De Finanzminister Gilles Roth huet sech formell engagéiert: D’Steierklass 1A – ënnert anerem elengerzéiend Elteren oder Wittleit - soll d’nächst Joer weider entlaascht ginn. Op der anerer Säit ginn awer d’Mesuren, fir d’Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen, d’nächst Joer auslafe gelooss, esou ewéi d’EU-Kommissioun an d’europäesch Zentralbank et och fuerderen. D’Auslafe vun de Mesurë vun den Tripartitte vu virun de Wale géing de Wirtschaftsminister Lex Delles preparéieren.

De Gilles Roth ass de Mëttwoch de Moien och nach emol op d’Zuelen agaangen. De Budgetsdefizit beim Zentralstaat (also ouni Sozialkeesen a Gemengen) wäert manner héich ausfalen, ewéi nach Ufanks des Joers erwaart. Engersäits, well d’Recettë vum Staat sech positiv entwéckelt hätten. Anerersäits awer och, well d’Depensë manner séier wuessen, ewéi déi lescht Joren. “Ech hunn ni eppes aneschtes gesot”, esou de Finanzminister, deen d’Wuert “Spuermesuren” net méi an de Mond geholl huet.

Beispiller

Gilles Roth Beispiller vun “manner Dépensen”

De Gilles Roth huet eng Rei Beispiller opgezielt, wou Depensë vum Staat reduzéiert oder souguer gestrach goufen: a sengem eegene Ministère wiere ronn 320 Milliounen Euro manner ageschriwwe ginn, eleng nei Gebailechkeete fir Verwaltunge solle gelount an net méi ëmmer kaf ginn. Duerch manner Astellunge bei der Fonction publique wiere 74 Milliounen Euro manner ageschriwwen. Artikelen am Ëmweltministère wiere mat ronn 121 Milliounen Euro manner dotéiert: engersäits wier d’staatlech Bedeelegung um Invest vun der Sebes op eng méi laang Period gestreckt ginn an anerersäits wiere 55 Milliounen Euro manner a Spezialfongen agespeist ginn. Donieft wiere Käschte fir d’Planifikatioun an den Amenagement vu Gewerbezonen ëm 25 Milliounen Euro no ënne revidéiert ginn. De Budget vum Sportsministère wier ëm ronn 35 Milliounen Euro manner héich ausgefall, virun allem well Infrastrukturprojete manner séier virukommen. Eng Rei Ausgabe sinn da ganz ewechgefall: d’Helpline Santé oder nach d’Acquisitioun an den Transport vu Spezialgefierer fir d’Missiounen a westafrikanesche Länner.

Déi duerchschnëttlech Progressioun vun den Depensen ëm 4,9% an den nächste Jore géing den aktuell onsécheren Zäite Rechnung droen.

Eng Scholdbrems? Kee “Korsett”

De Finanzminister huet dann awer och eng Zort “Scholdebrems” ugekënnegt oder proposéiert. De Gilles Roth sot, de mëttelfristegen Objektiv, de sougenannten OMT, soll gesetzlech verankert ginn. “Mir leeën eis kee Korsett un”, huet den CSV-Politiker ënnerstrach. E gesetzlechen OMT géing bedeiten, datt een op qualitative Wuesstem setzt an d’Sue geziilt ausgëtt. Bei Krisen an aussergewéinleche Schocke misst een “natierlech flexibel” nach reagéiere kënnen. Et wier awer wichteg, e “Signal” un d’Investisseuren ze ginn, esou nach de Gilles Roth.

Back to Top
CIM LOGO