"Fir eng Welt ouni Polio"
Esou ass e Colloque dëse Weekend hei am Land iwwerschriwwen, wou et ëm d'aktuell Situatioun an d'Perspektiven a Punkto Kannerlämung geet.
Rotary International, déi dat Ganzt organiséieren, haten d'Press am Virfeld invitéiert an d'Wichtegkeet vun der Impfung géint Polio ervir gestrach.
370 Millioune Kanner missten all Joers geimpft ginn fir d'Kannerlämung bis 2026 komplett ausgerott ze kréien. Zejoert goufen et nach 12 Fäll vu Polio, am Afghanistan a Pakistan. Zanter Januar dëst Joer huet ee véier Fäll registréiert. Och wann dat net vill schéngt, dierft ee net mat den Impfungen ophalen, erkläert de Joseph Faber vu Rotary International:
"Dann hätte mer a puer Joer, ronn 10 Joer, erëm 100.000 Kanner, déi infizéiert wieren. De Virus zirkuléiert an et ass 1 op 300 just, dee paralyséiert gëtt. All déi aner sinn infizéiert a kënnen de Virus viru ginn".
Well et eng gréisstendeels asymptomatesch Krankheet ass, klëmmt d'Gefor dovunner, datt se sech séier verspreet. Fir de Virus am A ze behalen, ginn och hei am Land ënnerschiddlech Initiative geholl. D'Doktesch Anne Vergison vun der Inspection sanitaire betount, datt ënnert anerem opgepasst gëtt bei Leit, déi aus Länner kommen, wou d'Polio nach zirkuléiert:
"Do maachen mer Analysen, fir sécher ze sinn, datt d'Leit de Virus net a sech droen. An dat mussen mer der OMS dann och matdeelen."
D'Lëtzebuerger Regierung investéiert iwwerdeems all Joer 1 Millioun Euro an d'Campagne, fir d'Polio auszerotten.