D'Leit kenne bei wäitem net all d'Avantagen, déi hinnen de Bannemaart am Alldag bréngt. Dat gouf en Dënschdegmëtteg um Knuedler kloer.

De Stand vun der Europäescher Kommissioun war net z'iwwersinn. Vill Gedrécks gouf et awer net. Sou ass d'Ekipp vum ''Single Market Tour'' op d'Leit duergaangen an huet se ugeschwat, fir mat hinnen an d'Gespréich ze kommen an hinnen den Europäesche Bannemaart a seng Avantagen am Alldag z'erklären.

"Certains avantages qu'ils utilisent au quotidien, ils ne réalisent pas que c'est grâce au marché intérieur qu'ils bénéficient de ceux-ci. Mais alors c'est pour ça que le fait qu'on les rencontre et qu'on voyage, eh bien on voit que ça porte ses fruits", sou d’Vanessa Paris, Vertriederin vun der EU-Kommissioun.

D'fräit Reesen an 29 Staate koum effektiv meeschtens spontan an der klenger Ëmfro um Knuedler. Dat dobäi och an 20 Länner mat enger Wärung bezuelt ka ginn, gouf manner genannt. Op de Roaming, beim Telefonéieren, koum keen eenzegen an der spontaner Ëmfro.

Déi lescht Méint hätte kloer gewisen, sou d'Vanessa Paris, datt den Interessi, wat d'EU-Institutiounen an deenen hire Fonctionnement ubelaangt, ganz staark vu Land zu Land a vu Regioun zu Regioun variéiert. Kloer wier, datt nach vill Besoin un Opklärung bleift. Wann eppes net esou optimal ass, da géif gemeckert, d'Avantagë géifen dogéint séier als Selbstverständlechkeet ugesi ginn.