Wéi eng Partei verdéngt Är Stëmm? Zanter dëser Woch ass de Site smartwielen.lu mat hirem Online-Test fir d'Europawalen nees online.

Mam Online-Test vun der Uni Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung kënnen Notzer iwwer 38 Froen hir eegen, mee och de Kandidaten hir politesch Prioritéiten erausfannen, erkläert de Marc Schoentgen vum Zentrum fir politesch Bildung:

"Den Internet ass déi éischt Informatiounsplattform, wou d'Leit higinn. Bei de Walversammlunge wësse mer, datt déi net méi unzéien. Och dat wat ausgedeelt gëtt, gëtt net méi esou vill consomméiert. Plakater gi jo och lues a lues reduzéiert. Den digitale Raum ass do, wou d'Leit higinn an dofir ass smartwielen.lu och eng Plattform, wou d'Leit sech gutt kënnen online informéieren."

De Marc Schoentgen vum ZpB iwwer smartwielen.lu

Smartwielen.lu soll eng neutral Informatiounsalternativ zum Social-Media-Contenu bidden, dee jo awer gäre mol op déi perséinlech Meenung zougeschnidde gëtt.

"Den Algorythmus spillt eng ganz wichteg Roll an de soziale Medien. Et riskéiert een, a gefilterte Bullen ze liewen. En Instrument wéi Smartwielen hëlleft, dat deelweis ze kompenséieren. En zwéngt ee sech mat anere Meenungen auserneenzesetzen", sou de Raphael Kies, Chercheur op der Uni Lëtzebuerg.

De Raphael Kies vun der Uni Lëtzebuerg iwwer smartwielen.lu

Fir d'Chamberwalen zejoert waren et gutt 300.000 Utilisatioune vun der Plattform. Dat si ronn 80.000 Notzer, wat 30% vun de Wieler entsprécht.