
Mir hunn de Mann kontaktéiert, deen d’Foto an de soziale Reseaue gedeelt huet. Um Telefon erzielt hien: “Ech sinn och selwer geblëtzt ginn”. De Radar stoung um Dënschdegmëtteg hannert dem Rond-point zu Bous a Richtung Réimech, dat wärend ronn 2 Stonnen. De Chauffer war net frou an huet och d’Fro opgeworf, ob dëst iwwerhaapt legal wier.
Op verschiddene Plazen hu mir nogefrot, ob d’Police dëst dierft maachen. Kuerzfristeg krute mer vum Pressebüro vun der Police am spéide Mëtteg keng Äntwert op eis Froen.
En Affekot an e Polizist hunn eis awer gesot, dass déi mobil Radaren och op esou Plazen opgestallt kënne ginn. D’Police géif déi mobil Geräter virun allem op Plaze stellen, wou séier géif gefuer ginn an et méi heefeg zu Accidenter géif kommen. Am Police-Jargon ginn dës Plazen als “point noir” bezeechent. An d’Plaz tëscht Bous a Réimech wier esou eng.
D’ADR-Presidentin Alexandra Schoos gesäit dat éischter geloossen: Wann d’Police géing mengen, datt dëst eng gutt Plaz wier, da wier et sécher net un der ADR, fir ze soen, wat si ze maachen hätt a wou si hir Radaren ze placéieren hätt.