Rout Kräiz wëll selwer bauen an op alternativ Wunnforme setzen

© AFP
Leit een Dach iwwer dem Kapp ginn, déi sech net logéiert kréien, zu Lëtzebuerg an am Ausland. Dat ass eng vun den Haaptmissioune vun der Croix Rouge.
Dat huet e Mëttwoch de Moien de Generaldirekter Michel Simonis op der Bilanspressekonferenz vum Roude Kräiz iwwer d'Joer 2023 ënnerstrach. Schonn haut logéiert d'Rout Kräiz hei am Land bal 1.500 Persounen a ganz verschiddene Strukturen. Dat sollen der an Zukunft nach méi ginn.
D'Organisatioun géing dofir an hirer Strategie 2030 op dräi Piliere setzen.
Engersäits wéilt een d'Zesummenaarbecht mat aneren Acteuren aus dem soziale Wunnengsbausecteur, wéi dem Fonds de Logement oder de Gemengen, verbesseren. Anerersäits géing een an Zukunft op alternativ Wunnforme setzen, wéi zum Beispill intergenerationellt Wunnen a Co-Locatiounen. Och méi ephemère Strukture solle consideréiert ginn:
"Do kréie mer heiansdo Gebailechkeeten zur Verfügung gestallt fir eng ganz kuerz Zäit. An dann och aner Iddien, wou mer vläicht kënnen op Bauterrainen, déi nach net erschloss sinn, vläicht eng Zäit laang een Tiny House bauen oder modulär Strukture realiséieren."
An zu gudder Lescht géing d'Croix Rouge och selwer ze bauen, wann dat méiglech ass. Do wiere schonn eng Rei Projeten uechtert d'Land entaméiert.
D'Croix Rouge huet de Fokus um Logement, well een einfach um Enn wier mam Latäin. Bei där Hellewull un Aktivitéiten, wou een e sozialen Accompagnement assuréiert, zum Beispill bei der Begleedung vu Flüchtlingen, Drogenofhängegen, Jonken, eelere Leit, marginaliséierte Leit op der Strooss, géing een ëmmer nees u seng Grenze stousse well se keen Accès zu engem uerdentlechen Iwwerdaach hunn, sou de Michel Simonis.
Eng weider grouss Prioritéit vum Roude Kräiz ass - nieft dem Logement - hir Aarbecht an der Ukrain. D'Organisatioun ass zanter iwwer 30 Joer do aktiv. Virop géing ee versichen, mat de Spideeler ze schaffen a futtis Infrastrukturen nees opzebauen. Dat wier immens wichteg, fir d'Kontinuitéit vun de Soinen z’assuréieren, fir déi Leit, déi nach an der Ukrain sinn. Och deenen, déi do bleiwen, misst een e gutt Liewen erméiglechen, sou de Generaldirekter vun der Croix Rouge.
D'Myriam Jacoby, Coordinatrice vun den Ukrain-Programmer, nennt e puer Chifferen:
"Aktuell hu mer schonn 30.000 Hygièneskitten ausgedeelt, 19.000 Kitte fir ze iessen. An wärend dem Wanter dëst Joer hu mer 1.600 Leit gehollef, fir dass se iwwert de Wanter waarm bleiwen."
Vill Leit géingen d’Aarbecht vun der Croix Rouge an der Ukrain a Fro stellen, bedauert de Michel Simonis.
"Vill Leit soe mer: Hutt der se nach grad all, an der Ukrain Gebaier ze flécken? Et ass jo net ausgeschloss, dass den Dag drop eng Granat op dat Haus fält an da fänkt der nees vu vir un. Dat ass jo eigentlech eng Sisyphus-Aarbecht, déi der do maacht. [...] Mä mir mussen net ophalen an déi Länner do z’investéieren. Och wann et schwiereg ass. Wa mer dat abandonéieren a soen, dat huet keen Zweck méi, da wier et souwuel politesch een Abandon, wéi och mënschlech."