Héichwaasser-Gefor méi staark wéi erwaartUm Freidegmëtteg: 81 Asätz an iwwerschwemmte Kelleren, 6 Beem an der Strooss

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem ville Reen huet d'Héichwaasser-Zentral matgedeelt, datt et kann zu schwéierem Héichwaasser kommen.

Duerch nach emol verstäerkten Nidderschléi wieren d’Peegelen an e puer Gewässer däitlech méi staark geklomme wéi erwaart. Dat huet d’Zentral um spéide Freidegowend matgedeelt.

Et besteet Gefor fir Mënsch a Material. Betraff ass notamment d‘Uelzecht, wou d’Cote d’alerte un de Peegelen Pafendall a Steesel iwwerschratt goufen. Beim Peegel Miersch rechent een domat nach am Laf vum Owend, respektiv an der Nuecht. Dat selwecht gëllt och fir Ettelbréck.

Un der Sauer ass en Iwwerschreide vun der Cote de préalerte un de Peegelen Dikrech a Bollendorf um spéiden Owend, respektiv an der Nuecht net méi auszeschléissen.

Schreiwes vun der Héichwaasserzentral

Back to Top
CIM LOGO