Gemëschte Reaktiounen op d'Logementsmesuren
D'politesch Oppositioun kritiséiert, d'CSV-DP Regierung géif mat hirem Relancepak vill fir d'Investisseure maachen, awer net genuch fir déi aner Leit.
De Generaldirekter vum Roude Kräiz stéiert sech net drun, datt eng Rei Mesurë geholl goufen, fir d'Leit ze encouragéieren, an d'Zillen ze investéieren. "De Wunnraumproblem ass jo een zu Lëtzebuerg, dee generell ass a mir wëllen och als Acteuren am sozialen net an d'Situatioun kommen, datt mer soen, mir maachen elo Saache fir d'Leit, déi ganz, ganz schlecht dru sinn an de sougenannte Mëttelstand, déi Leit, déi zu zwee schaffe ginn, fannen awer keng Wunneng.", seet de Michel Simonis. An der Wunnengsproblematik misst fir alle d'Schichten eppes ënnerholl ginn.
Positiv ass a sengen Aen, datt d'Proprietären elo iwwer zousätzlech steierlech Virdeeler incitéiert solle ginn, fir hir Wunnengen der GLS, also der Gestion locative sociale, zur Verfügung ze stellen. Ob déi minimal Besteierung vum Loyer awer duergeet, fir vill méi Wunnengen an d'GLS ze kréien? D'Entente vun de Sozialämter ass skeptesch. Och d'Erhéijung vun der Loyerssubventioun fir Locatairë mat niddregem Akommes ëm 40 Euro pro Kand, empfënnt hire Sekretär Jean-Paul Reuter net als grousse Worf. Dat géif d'Leit net retten.
"Et brauch nach vill politesche Courage"
"Mir sinn natierlech frou fir all Euro, dee bei de Leit ukënnt. Mir wären awer och frou, wann en zäitno bei de Leit géing ukommen. Well d'Demarche vun der Subvention de loyer ass administrativ opwenneg. Et dauert 5-6 Méint, bis d'Sue bei de Leit ukommen."
Zanter Méint scho géif gesot, datt den zoustännege Service méi Personal kréich an digitaliséiert géif. Bis elo wär dovunner näischt ze spieren.
"Ech mengen, do ass nach vill Loft no uewen", seet de Jean-Paul Reuter. Spréch d'Taxatioun vum Leerstand, déi nach ëmmer erwaart gëtt. Et bräicht nach vill politesche Courage.
Prime locative
Déi nei Regierung hätt an der Logementsproblematik séier reagéiert, begréisst iwwerdeems de Mieterschutz, deem den Akommes-Plaffong, fir eng Subventioun um Loyer ze kréien, awer nach net héich genuch ass. Déi nei Prime locative wier ze restriktiv. Betriber kënne jo an Zukunft Jonke bis 30 Joer eng Prime locative ausbezuelen.*
"Ech gesinn et perséinlech méi large, well verschidden Entreprisë jo Avantagë ginn, wéi, et konnt een en Auto am Leasing kréien. Elo ginn et Avantagë wéi d'Prime de location. Ma firwat maache mer se dann net méi large fir méi verschidde Kategorië vu Leit, déi effektiv schonn hei zu Lëtzebuerg sinn?" freet de President vum Mieterschutz, de Jean-Michel Campanella.
De Mieterschutz waart nach ëmmer op d'Reform vum "Bail à Loyers"-Gesetz an hofft och op nei Léisungen, fir d'Loyerspräisser ze deckelen. Dee Projet war jo ënnert der viregter Regierung gescheitert.
*An enger der viregter Versioun hate mer geschriwwen, d’Prime locative dierft just u Jonker bis 30 Joer ausbezuelt ginn, déi op Lëtzebuerg wunne kommen. Dat ass net richteg. Et handelt sech ëm eng Zort Jobstarter Primm fir Residenten, awer och fir Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen. Heescht et op Nofro beim Finanzministère.
Folgend Konditioune mussen erfëllt ginn:
- de Salarié muss um Ufank vum Besteierungsjoer manner wéi 30 Joer hunn
- de Montant vun der Primm dierf net méi héich si wéi de Loyer ouni d’Chargen.
- de Salarié dierf am Joer net méi wéi 30 Mol de qualifizéierte Mindestloun verdéngen, dat entsprécht 2,5x de Mindestloun am Mount