Am Juni dëst Joer soll dat neit Gesetz, wat vill nei Mesuren am Logement definéiert, a Kraaft trieden.

Neie Schwong an de Wunnengsmaart kréien, dat wëll d'Regierung jo mat engem ganze Mesurëpak, an deem esouwuel steierlech wéi awer och sozial Mesurë mat méi direkten an och strukturellen Hëllefe virgesi sinn.

Eng Partie goufen d'lescht Woch an der Chamber decidéiert, anerer dogéint sinn nach an der Maach.

Wat ännert duerch déi nei Mesurë konkret fir d'Privatleit?

Duerch dat neit Gesetz kommen eng ganz Rei Ännerungen, dorënner eben déi steierlech Mesuren.

Fir Leit, déi e Logement kafen a selwer dra wunne ginn, geet de bëllegen Akt erop. Bis elo war et esou, dass ee bis zu 30.000 Euro op de Käschte vum Enregistrement zegutt hat. Dëse Montant geet elo op 40.000 Euro erop. Wichteg ze soen ass, dass déi zousätzlech 10.000 Euro just fir en Notairesakt an dësem Joer kënne benotzt ginn.

Nei ass dann, datt et dëse bëllegen Akt elo awer och soll ginn, wann een e Logement keeft, fir ze verlounen. Fir dës Proprietäre gëllt dann awer e Plaffong vun 20.000 Euro op den Enregistrementskäschten. Dëst gëllt fir déi sougenannte Vefa, deemno fir néi Wunnengen déi gebaut ginn.

Eng weider steierlech Mesure ass, dass Leit, déi hiert Haus oder hir Wunneng dëst Joer verkafen, manner Steieren op hir Plus-value bezuele mussen. Domadder soll en Ureiz geschaaft ginn, fir dass méi Logementer op de Marché kommen. Haaptsächlech och natierlech déi, déi eventuell den Ament eidel stinn.

Esou Incentivë sollen och mat strukturelle Mesurë geschaaft ginn. Wéi eng Beispiller ginn et do?

Duerch de Mesurëpak soll den Investissement an de Steen hei am Land relancéiert ginn, esou dat och méi Lokatiounswunnengen op de Maart kommen.

Zu de strukturellen Ännerunge gehéiere Steiervirdeeler. Zum Beispill gëllt fir Proprietären, déi hir Wunneng an d'Gestion locative sociale ginn, dass 90 Prozent vun deem Akommes net muss besteiert ginn. Bis ewell waren dat 75 Prozent. Duerch d'GLS freet de Proprietär manner Loyer, ma dofir huet en awer däitlech Steiervirdeeler.

D'Prime locative: Eng ganz nei Mesure

Dat ass eng Primm, déi e Patron ausbezuele ka fir e Salarié, dee manner wéi 30 Joer huet. Bis zu 1.000 Euro kann de Patron u Primm ginn, fir dass de jonke Salarié domadder säi Loyer bezuele kann. An dëse Montant ass fir d'Firma dann zu 25 Prozent steierfräi.

Wéi eng sozial Mesurë kommen?

Fir d'Locatairë gëtt de Plaffong gehéicht, mat deem een nach eng staatlech Hëllef ufroe kann. Och de Montant, deen ee kréie kann, gëtt dann no uewen ugepasst. Zum Beispill och pro Kand vu 40 op 80 Euro. Et gëllt awer natierlech weiderhin, dass ee manner kritt, wat de Revenu méi no um Plaffong ass.

Fir d'Proprietäre gëtt d'Subventioun vun den Zënsen um Prêt adaptéiert. De Staat iwwerhëlt also en Deel vun de Käschten, déi d'Leit duerch déi héich Zënsen den Ament op hirem Prêt hunn. Mam neie Gesetz sinn dat bis 3,5 Prozent.

Méi Leit sollen e subventionéierte Logement kafe kënnen

Dës Wunnengen oder Haiser si méi bëlleg, well zum Beispill d'SNHBM oder de Fonds du Logement den Terrain net mat verkafen. Well och hei de Plaffong vum Revenu eropgesat gouf, kann een als Eenzelpersoun oder als Stot mat Kanner méi verdéngen an awer nach eligibel sinn, fir e subventionéierte Logement ze kafen. Esou kommen also méi Keefer a Fro.

Dozou ee klengt Rechebeispill: Fir eng Eenzelpersoun ass de Plaffong vun 47.700 Euro pro Joer op 59.000 geklommen. Fir eng Famill mat zwee Kanner sinn dat elo bis zu 135.600 Euro netto, déi een zu zwee an engem Joer verdéngen dierf.

De Mesurëpak bréngt och nach weider Ännerunge mat sech, déi mir op dëser Plaz net all kënne virstellen.