
Dat huet LuxAirport e Mëttwoch de Moie géintiwwer der Press zum Virfall vum 10. Mee matgedeelt. Wärend de Botzaarbechten an der Nuecht soll de Stecker ongewollt erausgezu gi sinn.
Wéi moies kuerz no 4 Auer d’Kontrollen ugefaangen hunn, war dat net opgefall. An dësen éischten 8 Minutte vun de Kontrolle sinn 12 Leit an de séchere Fluchberäich komm, ouni richteg kontrolléiert ginn ze sinn. Wa keng Metallgéigestänn matgefouert ginn, ass et normal, dass keng Luuchte blénken, präziséiert de Sécherheets-Chef Daniel Conrardy.
Wéi dunn awer esou laang keen Alarm koum, wier d’Sécherheetspersonal skeptesch ginn, wouropshin de Feeler opgefall ass. No der Analys vum Virfall hätt ee kee Feelverhale vun de Mataarbechter konnte feststellen, dowéinst ginn et och keng personell Konsequenzen.
D’Prozedure solle fir d’Zukunft awer ugepasst ginn, esou dass den automateschen Test vun de Metalldetekteren net just eemol pro Dag, wéi bis ewell, mee och elo ier d’Kontrolle moies um 4 Auer ufänken. Um 18.30 Auer den Owend virdru war nämlech de leschten automateschen Test duerchgefouert ginn, ma well de Virfall mam Stecker awer eréischt ëm Hallefnuecht geschitt ass, gouf de Feeler moies net ugewisen.
“Dat ass mir an 20 Joer nach ni geschitt”, esou den Daniel Conrardy, Chef vun der Sécherheet. Nodréiglech sollen dës méiglech Feelerquellen awer geännert ginn.

Wéinst dem Problem um Metalldetekter huet de ganze Sécherheetsberäich missen evakuéiert ginn. Wéi d’Fluchhafepolice informéiert gouf, ware schonn eng ganz Rei Leit duerch d’Sécherheetskontroll gaangen, esou wéi och déi 12 Persounen, déi net richteg kontrolléiert goufen.
D’Sécherheet vun de Passagéier kéint just duerch eng komplett Evakuéierung garantéiert ginn, huet d’Fluchhafepolice kuerz viru 6 Auer decidéiert. Nodeems de Sécherheetsberäich eidel war, gouf all Eck duerchsicht, betount de Ken Dechaize, Directeur Adjoint vun der Fluchhafepolice. Och d’Sichhënn sinn an den Asaz komm. Et hätt keng Alternativ fir d’Sécherheet vun de Passagéier ginn, huet et ganz däitlech vu Säite vun der Fluchhafepolice geheescht.
Op dësem 10. Mee haten 43 vun de 84 geplangte Flich Verspéidungen, 10 hu komplett missen annuléiert ginn.
Wat de Remboursement wéinst de Verspéidungen an Annulatiounen ugeet, solle sech d’Passagéier an engem éischte Schrëtt un d’Airline wenden. Well de Feeler awer bei LuxAirport läit, kéint d’Fluchgesellschaft duerno eventuell eng Ufro beim Fluchhafe maachen, esou de CEO vu LuxAirport Alexander Flassak. Dat wier bis ewell awer nach net de Fall gewiescht.