EU-Länner stëmme fir Liwwerkettegesetz - CCDH gesäit nach Lacunnen

© AFP
D'europäescht Liwwerkettegesetz gouf e Freideg vum Europäesche Rot gestëmmt. D'Gesetz huet d'Zil, weltwäit d'Mënscherechter ze stäerken.
D'Lëtzebuerger Mënscherechtskommissioun begréisst d'Direktiv, schwätzt allerdéngs vun enger Partie Lacunnen. Ënnert anerem wieren net genuch Entreprisë viséiert. Zu Lëtzebuerg schätzt d'Mënscherechtskommissioun, datt just 40 Entreprisen direkt vun der Direktiv concernéiert sinn.
D'Direktiv wier just eng minimal Protektioun an d'Memberstaate kéinte méi wäit goen. D'CCDH fuerdert an deem Kontext d'Lëtzebuerger Regierung an d'Parlament op, op nationalem Niveau méi wäit ze goen, fir d'Mënscherechter, d'Ëmwelt an de Klima ze schützen.