
Drone kommen op ëmmer méi Plazen an den Asaz. Fir Fotoen a Videoen ze maachen, an der Landwirtschaft, fir Päck ze liwweren oder och beim Militär.
D’Uni Lëtzebuerg fuerscht am Beräich Dronen, zu Belval ass et d’Ekipp vun Informatiker, ronderëm de Grégoire Danoy. Si si spezialiséiert an der Recherche an der kënschtlecher Intelligenz.
Am Labo am Keller vun der Maison du Nombre kréien de Fotograf an ech gewisen, wéi Dronen autonom a Formatioun kënne fléien. Als konkret Beispill kréie mir gewise wéi eng zivil Dron, déi an e Flughafen agedrongen ass, vun engem Schwaarm vun Nano-Dronen ofgefaange gëtt. De Grégoire Danoy:
“Toute la problématique, c’est justement d’être capable de créer, de designer des méthodes d’intelligence artificielle qui font ce contrôle local des drones et qui vont permettre quand même d’avoir un comportement global de notre essein qui est efficace et qui va être capable d’effectuer une mission donnée.”

Wann haut eng Dron agesat gëtt, da wier et meeschtens eng eenzeg. An Zukunft kënne ganz Schwäerm agesat ginn. Inspiréiert hätt ee sech bei der Déierewelt. Mat mathematesche Modeller hätt een zum Beispill d’Verhale vun Ameisen oder Beien an d’Modeller vun der kënschtlecher Intelligenz afléisse gelooss. Et géif een dat notzen, wou ee wéisst, dass et an der Natur fonctionéiert.
“Chaque animal ou chaque insecte va prendre sa propre décision sur base de ce qu’il voit et des informations qu’il reçoit. Et en fait, c’est ce genre de comportement-là qu’on essaie de répliquer dans nos algorithmes d’intelligence artificielle.”
Duerch d’Fuerschung op der Uni zu Belval kéint een an Zukunft duerch Drone beispillsweis komplett Gebaier inspizéieren, Zonen iwwerfléien, fir Pollutiounen ze entdecken oder och fir an Drëscheregioune séier grouss Flächen ofzefléien, fir esou séier wéi méiglech Bëschfeier ze entdecken an anzegrenzen.
“On va être capable d’effectuer des missions de façon beaucoup plus rapide et efficace. Mais en plus, on sera aussi beaucoup plus fiables parce que justement, on a cette intelligence qui est complètement distribuée. On n’a pas de point de contrôle central, si jamais un des drones ou même plusieurs drones de l’essein viennent à manquer pour une raison technique ou autre, ce n’est pas grave, nos drones vont justement, grâce à cette intelligence, être capables de se réorganiser et de continuer à effectuer leur mission.”

An Zukunft bräicht een dann net fir all eenzel Dron e Pilot, ma et bräicht een nëmmen eng Persoun, déi d’Dronen opstellt an zum Beispill d’Batterien ersetzt, wa se platt sinn. De Grégoire Danoy preziséiert, dass déi Drone-Showen, déi zum Deel haut Freedefeier ersetzen, net mat KI fléien, mee dat alles Ofleef sinn, déi programméiert sinn. Wa kënschtlech Intelligenz am Spill ass, kënnen d’Fluchobjeten op Situatioune reagéieren a kënnen eegen Decisiounen huelen. Wärend Dronen eng Missioun fléien, kéinte se wärenddeem léieren an d’Verhalen upassen.
De Chercheur vun de Uni Lëtzebuerg gëtt en anert konkret Beispill. Wëll een e grousst Areal ofsichen, op de Mierer oder an engem Bësch, fir eng vermësste Persoun ze fannen, kann een dat mat Nano-Drone maachen. Duerch den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz kann een d’Offléie vun enger Zon optimal ofdecken. Gefuerscht gëtt an dem Beräich zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg. Eng vun de grousse Schwieregkeete bei alle Problemer ass d’Lafzäit vun de Batterien, déi géif den Asaz vun Dronen nach staark aschränken. Fir den Ament wier et och net einfach zu Lëtzebuerg Tester mat den Dronen dobaussen ze maachen. Dem Gesetz no misst do zum Beispill all Dron nach en eegene Pilot hunn.
Bei der Fro, ob d’kënschtlech Intelligenz nach Feeler wäert maachen, muss de Fuerscher kuerz nodenken. Chat GPT ass mëttlerweil ville Leit e Begrëff, bei esou KI-Modeller géif een och ëmmer en Disclaimer bäisetzen, dee seet, dass d’Maschinn nach kéint Feeler maachen. Ma dat wier net anescht wéi beim Mënsch, esou de Grégoire Danoy, Responsabel vum PCOG (Parallel Computing and Optimisation Group).
Dass och de Militär Dronen notzt, ass spéitstens zanter dem Krich an der Ukrain bekannt. Wann eppes fir zivil a militäresch Zwecker ka genotzt ginn, schwätzt ee vun “dualem Notzen”. Esou ass dat och bei Dronen. Dass d’Uni dat op d’mannst op theoreteschem Plang mécht confirméiert de Fuerscher:
“Nos recherches dans ce contexte sont dans tous les cas limitées à des contributions théoriques sur la mobilité des essaims de drones et sont intégralement dans le domaine publique, à travers des publications scientifiques.”