Well d'Bank am sougenannte "Retail Banking" keng durabel Croissance gesäit, hält se mat de Bank-Servicer fir Privatclientë ganz op.

D'Bank wier amgaangen, déi concernéiert Clienten ze informéieren. A punkto Kommunikatioun hätt een d'Saach ënnerschat, heescht et an enger Matdeelung um spéide Mëttwoch den Owend.

D'Clôture vu verschiddene Konten hat rezent bei ville Clientë fir Opreegung gesuergt. Et wieren eng Rei Mesuren en place gesat ginn, fir déi concernéiert Clienten ze begleeden, heescht et weider. Den Detail gëtt et hei am ganze Schreiwes.

D'Kredit-Servicer an d'Investissementsportefeuillë géinge weider zerwéiert ginn. D'ING wëll sech an Zukunft op méi grouss Clienten an op de Private Banking konzentréieren. D'Bank ass zënter 1960 zu Lëtzebuerg aktiv.

Hir nei Strategie wërft natierlech eng Rëtsch Froen op:

Froen an Äntwerten iwwert de Sujet ING

Dierf d'ING einfach esou déi Dausende Konte kënnegen?

Do verstoppt d'Bank sech hannert de "conditions générales". Do steet ënnert B Punkt 9, dass d'Bank, wéi och de Client, zu all Moment ee Schlussstréch ënnert d'Geschäftsrelatiounen kënnen zéien. Et gëllt e Preavis vun engem Mount, wann de Client de Kont kënnegt, a vun zwee Méint, wann d'Initiativ vun der Bank ausgeet. Et ginn do awer Exceptiounen, wéi zum Beispill wann de Client net méi flësseg ass, mä dat spillt hei net.

D'Bank huet preziséiert, dass se hei net op den Artikele wëll reiden an eng large Approche wäert hunn, fir dass de Client sech arrangéiert kritt, virun allem beim Wiessel eriwwer op eng aner Bank.

Wat kënnt elo op de Client duer?

De Kont gëtt bei der ING ofgewéckelt, et gëtt de Minus mam Plus zesummegerechent. Zum Beispill et huet een nach 1.000 Euro um Compte, et soll awer nach en Decompte vun der Kredit-Kaart kommen an Héicht vun zum Beispill 800 Euro. Da ginn déi 800 vun den 1.000 Euro ofgezunn, sou dass de Client nach 200 Euro déi de Client recuperéiert. Wa méi via Kreditkaart soll ofgoen wéi um Compte courant steet, da muss de Client d'Differenz begläichen.

Un engem Kont hänkt awer dacks méi dru wéi just Plus a Minus, oder?

Et fänkt scho mat der Pai oder der Pensioun un, déi an Zukunft op en anere Kont muss iwwerwise ginn. Do sinn och Ordre-permanenten an Domiciliatiounen, déi geännert musse ginn. Zum Beispill fir de Loyer ze bezuelen, Stroum, Waasser oder Gas respektiv Gemengentaxen. Do musse bei den Domiciliatiounen nach aner Acteure wéi just d'Bank kontaktéiert an informéiert ginn. Är Gemeng zum Beispill muss jo wëssen, wéi et, bei wéi enger Bank, op wéi engem Kont, vu wéini un, ëm eng aner Domiciliatioun geet. Idem bei Assurancen, Enovos a sou weider.

An da muss een d'Bank wiesselen ...

Do sinn scho massiv Demanden amgaang: "Mir sinn aktiv elo ginn, fir d’ING an déi aner Banken, déi hei am Land am Retail sinn, un en Dësch ze kréien. Dëst fir am Interêt vum Client ze kucken, wéi mer am einfachsten Dossieren iwwerschriwwe kréien, respektiv nei Konten opgemaach kréien." Dat sot eis de Generaldirekter vun der Bankenassociatioun ABBL.

Geplot sinn aus der Siicht vun der ING déi aner, de Client an deem seng nächste Bank. Déi rëselt dat ganzt net einfach aus dem Aarm.

Et gëtt scho bei den anere 5 groussen a sougenannte Retail-Banken dru geduecht, extra Leit ze engagéieren, fir dem Undrang Meeschter ze ginn. De Client muss e Minimum iwwerpréift ginn, dann kritt een d'Bancomat- a Kreditkaart och net direkt an de Grapp. De Client muss sech nees mat Geheimcoden erëmploen etc.

A wat seet d'Politik an deem Ganzen?

De Finanzminister Gilles Roth huet zwar via sozial Medie wësse gedoen, dass hien e Gespréich mam CEO vun der ING Lëtzebuerg hat. Do hätt de Lëtzebuerger Finanzminister dem Chef vun der Bank kloer gesot, datt hie sech eng "kloer Kommunikatioun" an och eng "uerdentlech Solutioun" fir déi betraffe Clientë géif erwaarden.

Vill méi kann och ee Finanzminister net maachen. Dobäi als Rappell, dass wann Deputéiert Froen hunn iwwer Banken a Firmen, an deenen de Staat am Aktionariat a meeschtens och am Verwaltungsrot ass, dann kënnt d'Standard-Äntwert, dass ee sech als Regierung net an d'Dagesgeschäft vun deene Firmen amëscht. Bei der ING, wou de Staat net vertrueden ass, dierft dat ëm sou méi de Fall sinn. Ma e wéineg Drock aus der Regierung ka sécher net schueden.

Et heescht, et wiere bei der ING eventuell 50.000 a souguer nach méi Clientë betraff. Sinn déi fir d'Bank eng "Quantité négligeable"?

Se sinn effektiv zu ganz vill, mä se bréngen der Bank net grad vill Suen eran, dofir awer vill administrativen a personalintensiven Opwand. D'ING konzentréiert sech gären op Leit, déi vill Sue placéieren, also de Private Banking. Parallel grouss institutionell Clienten aus dem internationalen Handel, de Pensiounsfongen an aner Clientë vun der Zort "gros volume".

Wat dat elo fir d'Personal bei der ING bedeit, dat bleift ofzewaarden. Beim Personal an de Gewerkschafte gëtt et aus verständleche Grënn Nervositéit.

Do stellt sech d'Fro, ob dat Schoul bei anere Banke mécht

Jiddweree vun eis huet u sech e Recht, e Kont ze hunn oder op Basis-Banke-Servicer. Mä wéi gesot, de sougenannte Retail-Banking, also d'Standard-Geschäft vum Privatclient mam Compte courant an dem Spuer-Kont mat Bancomat-a Kreditkaart ass der ING net méi rentabel genuch.