"De Client verléiert näischt", sou de Claude Marx vun der CSSF
Dem Generaldirekter vun der Bankenopsiicht ass et wichteg, fir déi concernéiert Clienten ze berouegen. Iwwerdeems misste se méi Zäit fir e Wiessel kréien.
Rezent huet d’ING-Bank Lëtzebuerg matgedeelt, sech hei am Land wëllen nei z’orientéieren. Zënter Méint scho gi Clienten opgefuerdert, hir Konte bei der Bank bannent 2 Méint zouzemaachen. Et wier der Bank hiert gutt Recht, hir Strategie z’änneren, soe souwuel de Jerry Grbic, Generaldirekter vun der Associatioun vun de Banken (ABBL) wéi och de Claude Marx, Generaldirekter vun der Bankenopsiicht (CSSF). Ma d’Manéier wéi dat gemaach gëtt, besonnesch d’Kommunikatioun vun der Bank, kritiséieren déi zwee. Et ass hinnen awer wichteg, déi concernéiert Clienten ze berouegen.
De Client misst sech absolut keng Suerge maachen. "Dat ass kloer. E muss och u seng Sue kommen. Hei besteet absolut kee Grond, fir iergendwellech onnéideg Restriktiounen opzëerleeën", ënnersträicht de Claude Marx. Vill Concernéiert hunn awer Suergen, deemnächst ouni Konto do ze stoen. E Bankkonto opzemaachen ass nämlech wéinst diverse Regulatiounen zanter 2018 méi ëmständlech ginn. "Mir sinn aktiv elo ginn, fir d’ING an déi aner Banken, déi hei am Land am Retail sinn, un en Dësch ze kréien. Dëst fir am Interêt vum Client ze kucken, wéi mer am einfachsten Dossieren iwwerschriwwe kréien, respektiv nei Konten opgemaach kréien", seet de Jerry Grbic. Et probéiert een nach dës Woch, eng Reunioun tëscht den Acteuren z’organiséieren. Sécher wier awer, dass duerch d’Ëmstrukturéierung vun der ING déi 5 Retail-Banken, déi et am Land ginn, eng ganz Partie Aarbecht op ee Coup kréien an deemno misste méiglecherweis zousätzlech Leit engagéieren.
Dofir seet esouwuel d’ABBL wéi och d’CSSF, dass misst iwwer d’Frist vun 2 Méint, déi de Client huet, fir d’Bank ze wiesselen, diskutéiert ginn. "D’Clienten hunn dëst an de Conditions générales ënnerschriwwen, dat ass e Kontrakt. Mee ech mengen, hei si mer an enger Situatioun, wou mer musse kucken, wéi laang déi aner Banke brauche fir Konten opzemaachen", sou de Jerry Gribic. An och de Claude Marx confirméiert: «Wann et keen dréngende Grond gëtt , fir ee Konto mussen direkt zouzemaachen, da sollt ee Client esou vill Zäit hunn, wéi e brauch, fir eng nei Bank ze fannen". Hei kéime elo vill nei Leit op e limitéierte Marché. Wéi vill Clientë genee concernéiert sinn, doriwwer ginn et keng offiziell Chifferen. D’Estimatioune leien hei wäit auserneen. Riets geet vu 50.000 bis 100.000 Clienten.
Wat geschitt dann elo, wa Clienten de Message oder de Bréif vun der Bank net mat kréien oder géingen ignoréieren? "Wann eng Bank net un e Client kënnt, dann hëlt d’Bank Virsiichtsmoossnamen, dass op deem Konto keng Fraude geschitt", erkläert de Claude Marx. Da ka si dee Konto blockéieren. Respektiv och d’Kreditkaart an engem éischte Schrëtt blockéieren, fir a Kontakt mam Client ze kommen. D’Bank muss awer weider versichen, un de Client ze kommen. Oder, wann dëse sech mëllt, do misst de Client nees Accès op de Konto kréien
D’ING Lëtzebuerg wollt e Mëttwoch zu der Situatioun Stellung huelen. Bis elo gouf et awer nach keng Kommunikatioun. Och rezent Presseufroe goufen net beäntwert.