
Sou goufe bannent 2 Méint eng 1.830 Kanner vun Doktere gesinn. All Dag kommen an der Moyenne ronn 40 Kanner an d’Consultatiounen am Service urgences. Ëm kleng Noutfäll gëtt sech nuets vun der Pediatrie de de garde gekëmmert.
An alle Fäll ass et den Dokter am Urgence-Service oder de Kannerdokter, dee Garde huet, deen d’Decisioun hëlt, ob d’Kand kann am Ettelbrécker Hôpital du Nord traitéiert ginn oder ob et am Interêt vum klenge Patient ass, an d’Stater Kannerklinik transferéiert ze ginn.