Tëscht Déiljen a WallenduerfMotocyclist kritt Auto ze paken a gëtt uerg blesséiert, Police sicht Zeien

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass d'Accident géint 11.40 Auer op der N10 tëscht Déiljen a Wallenduerf. D'Police sicht nom Accident Zeien.
© Domingos Oliveira (RTL)

Éischten Informatiounen no, déi d’Police en Donneschdeg am Nomëtteg matdeelen, wier et zu engem “mëssgléckten Iwwerhuelmanöver” komm, bei deem de Motocyclist an en aneren Auto e weidert Gefier iwwerhuele wollten. De Motocyclist huet dobäi wuel d’Kontroll verluer a krut en Auto ze paken. Hie gouf schwéier blesséiert, de Samu an den Helikopter vun der Air Rescue waren op der Plaz. Hie koum mam Helikopter an d’Spidol.

D’Police sicht virun allem nom Chauffer vun engem drëtten Auto, dee vum Motocyclist an dem Auto, deen an den Accident involvéiert ass, iwwerholl gouf. Wie soss eppes gesinn oder Informatiounen huet, soll sech bei der Police vun Iechternach ënnert der Nummer 244 72 1000 oder per Mail u police.ECHTERNACH@police.etat.lu mellen.

*An enger éischter Meldung hate mir geschriwwen, datt den Accident tëscht dem Grondhaff a Bollenduerfer Bréck geschitt war, d’Police huet eis awer preziséiert, datt et tëscht Déiljen a Wallenduerf geschitt ass.

Back to Top
CIM LOGO