81 Joer jonk an nach motivéiert fir en zweeten Doktorat

An der Pensioun huet d'Marie-Paule Theisen e Master an der Gerontologie gemaach. Duerno en Doktorat an der Psychologie.
Elo mat 81 Joer hält si nach ëmmer Coursen op der Uni a wëll en zweeten Dokter schreiwen. Wou d’Inspiratioun an d’Energie hierkënnt, verréit si eis am Sonndesinterview.
"Ech war ëmmer e liewegt Kand, e frout Kand, dat op Entdeckung gaangen ass", erënnert sech d’Marie-Paule Theisen. Si, déi als klengt Meedchen Aueren an Dynamoe vum Vëlo ausernee geschrauft huet, fir ze kucken, wat hannendru stécht. Mat hirer Entdeckungsfreed hätt se der Mamm alt och mol bësse Suerge bereet. Vu Grond op liewensfrou a wa mol eppes war, hätt si sech ëmmer nees séier opgefaange kritt. "Vu wiem ech dee Gen geierft hunn, dat weess ech net. Mee op jiddwer Fall hunn ech en."
Déi Energie a Liewensfreed spiert een och direkt beim éischte Kontakt. Dat war ugangs Mäerz am Kader vun engem Reportage iwwer de Fürerschäin am Alter. Op EU-Niveau war driwwer diskutéiert ginn, ob eeler Leit net sollte reegelméisseg getest ginn, ob si nach fit sinn, fir ze fueren. D'Marie-Paule Theisen hält dovunner wéineg. D’Autonomie, déi de Fürerschäin hir gëtt, wëll déi 81 Joer Damm net mëssen. Ëmmerhi muss si net just op de Belval fir Uni-Coursen ze halen, mee si fiert och uechter d’Land, wou se a Clubhaiser fir Senioren "Achtsamkeetsformatioune" gëtt. Elo am September geet et souguer an d’Provence. Déi fréier Léierin huet sech do an engem Schauspill-Cours ageschriwwen. Net mat der Ambitioun, fir sech spéider viru Publikum ze produzéieren, mee einfach fir nees eppes Neits ze léieren an nei Säiten u sech ze entdecken. Dat erzielt si eis bei eisem zweete Rendez-vous, Mëtt Juni, fir de Sonndesinterview.
Opmierksam duerch den héijen Alter
Zanter 18 Joer ass d’Opmierksamkeet ee wichtege Pilier am Liewe vun der Marie-Paule Theisen. Eng Liewensphilosophie, déi drop beduecht ass, bewosst am Moment ze liewen, sënnvoll ze liewen. "Jidderee kann dat léieren", betount d’Fra. Fir dohinner ze kommen, hëllefen Technike wéi den "Achtsamkeetstraining" MBSR (Mindfulness-Based Stress Reduction), entwéckelt vum Prof. Dr Jon Kabat-Zinn, Meditatioun a Yoga. "Achtsamkeet ass eng bestëmmte Manéier, fir d’Opmierksamkeet op de Moment ze lenken, awer ouni ze beurteelen. Awer ganz bewosst mat all menge Sënner, wou ech dee Moment aneschters gesinn, aneschters héieren, spieren a fillen”, erkläert d’Marie-Paule Theisen. Dat kéint een trainéiere wéi e Muskel. Si géif haut vill méi a sech selwer rouen. Hätt hir ënner Stëmm, op déi si lauschtere géif.
Duerch reegelméisseg Opmierksamkeetspraxis kënne sech positiv Verännerungen am Gehier entwéckelen. Dat hunn Neurowëssenschaftler unhand vun IRM-Biller erausfonnt. Beispillsweis den Hippocampus, wou eis Gediechtnes an d’Erënnerunge sech bilden, datt dee besser duerchblutt gëtt. D’Amygdala spillt eng wichteg Roll an eisen emotionale Reaktiounen. Duerch "Achtsamkeetstraining" géifen d’Angschtgefiller zréckgoen, erkläert d’Marie-Paule Theisen. Positiv Emotioune kéinte sech entfalen. Duerch reegelméisseg formell Übunge wéi MBSR Training.
D’Marie-Paule Theisen hält "Achtsamkeetscourse" fir Leit am Rentenalter. Dernieft gëtt si am Masterstudiegang Gerontologie op der Uni.lu speziell "Achtsamkeetscoursen", déi si opgebaut huet. Am Kader vun hirer Dokteraarbecht mam Titel "Achtsamkeit als Determinante von Glück im Alter", huet si am Juni 2017 mat 74 Joer promouvéiert.

Duerch e Schicksalsschlag zum Doktorat
Am Pensiounsalter, do wou déi meescht sech freeën, fir méi lues ze trëppelen, fänkt déi fréier Léierin nees u mat Studéieren. De Grond dofir läit net op der Hand. Hir Tatta war an den Trape gefall an huet vun engem Dag op deen aneren intensiv Fleeg gebraucht. "Si war gutt zu mir. Wéi meng Biografie op d’Kopp gaangen ass an ech vill krank gi sinn, do huet si fir mech gesuergt. An et war fir mech selbstverständlech, datt ech géing fir si suergen."
Wou déi meescht vun eis sech op de Fleegedéngscht verloosse géifen, hëlt d’Marie-Paule Theisen hir Tatta bei sech op a sicht nom beschtméigleche Wee, fir der Fra e Maximum u Liewensqualitéit ze bidden an hir duerch depressiv Phasen ze hëllefen.
D’Marie-Paule Theisen decidéiert e Master an der Gerontologie op der Uni Lëtzebuerg ze maachen. Den Titel vun hirer Ofschloss-Thees “Langeweile im Alter” verréit och eppes iwwer hir zweet Motivatioun. Aus Angscht sech an der Pensioun ze langweilen, hat déi fréier Léierin sech schonn als Freelance bei enger Zeitung probéiert. An zwee Joer laang eng Droitsformatioun absolvéiert, fir méi spéit eelere Leit gratis Rechtsbäistand ze ginn. "Mee dat war net fir mech. D’Schicksal huet et gefüügt, datt d’Tatta d’Trapen erofgefall ass an ech dee Moment wousst 'dat do, dat ass mäi Wee!'"
Léisungsusätz géint Langweil am Alter
Also mécht d‘Marie-Paule Theisen sech fir hir Thees op d’Sich no Léisungsusätz géint d’Langweil am Alter. A stéisst do op d’"Achtsamkeet", op d’Meditatioun an d’"Sinnfindung" nom Viktor Frankl. Si kënnt zur Conclusioun, datt dat bescht Rezept ass, eng Erausfuerderung unzehuelen a sech fir anerer ze engagéieren. Léieren a säi Wësse weider ginn an esou eng Verbindung zu aneren opzebauen, dat wär e sënnvollt Liewen, fënnt d’Gerontologin - hir Beruffung.
No hirer Thees proposéiert den antëscht verstuerwene renomméierte Psycholog a Fuerscher vun der Uni.lu, den Dieter Ferring, der Marie-Paule Theisen en Doktorat ze maachen. Si ass begeeschtert, wëll d’"Achtsamkeet" zum zentralen Objet maachen. Dat kascht Iwwerzeegungsaarbecht. "Achtsamkeet" géif fir de wëssenschaftleche Milieu nawell esoteeresch kléngen, hätt hiren Dokterpapp ugangs fonnt.
Achtsamkeet als Paradigmewiessel fir d’Gesellschaft?
Am September feiert déi fréier Léierin hiren 82. Gebuertsdag an huet nach laang net wëlles, sech zur Rou ze setzen. Si wëll en zweet Doktorat schreiwen. Mam Titel "Achtsamkeit leben, ein Paradigmenwechsel für das Altern und die Gesellschaft".
D’Nofro no "Achtsamkeetscoursen", Meditatioun oder Yoga ass haut grouss. "Fréier hunn d’Mënschen an de Kierchen en Halt fonnt", seet d’Marie-Paule Theisen. De Mënsch hätt vill verschidde Bedürfnisser bis hin zur Transzendenz. "Mir kënnen nach esou vill Materielles hunn, awer mir mussen ëmmer nees nei Pleséier hunn. An trotzdeem: déi kleng Pleséier ginn eis net duer." Déi déifste Freed wär einfach zu sech fannen. "Achtsamkeet" géif do hëllefen. "Achtsamkeet hëlleft Kloerheet schafen. Kloerheet fir ze wëssen, wat deet mer gutt a wat hëlleft mer."
An deem Sënn kéint "Achtsamkeet" e Paradigmewiessel si fir d’Gesellschaft. De Virworf, dass "Achtsamkeet" Selbstbezunnenheet wier, léisst d’Marie-Paule Theisen net gëllen. Si verbënnt et mat Gedold hunn, Vertrauen, awer och kritesch sinn, staune kënne wéi e Kand, sech erfreeë kënnen un der Margréitchen, déi owes hir Blieder zou a se moies nees opmécht an akzeptéieren, datt munches net ze änneren ass. Generositéit, Frëndlechkeet, Solidaritéit an Dankbarkeet géifen dozou gehéieren. Si gëtt en einfacht Beispill: Grompere schielen. Dat sollt een net einfach niewebäi maachen, mee bewosst. D’Gromper spieren, iwwerleeën, vu wou se hierkënnt, datt se gesat a geraf gouf. En anere Bezuch zu den einfache Saachen am Liewe kréien. "Alles, dat, denken ech, wann et gelieft gëtt, da kéint et e Paradigmewiessel sinn." Doraus kéint och eng Transformatioun vun eiser Gesellschaft entstoen. Méi Wuelbefannen. D’"Achtsamkeet" wär do eng Méiglechkeet. Wann och net déi eenzeg.
Ee Wonsch äussert déi dynamesch Damm dann un de Ministère fir Gesondheet a Sécurité Sociale: datt "Achtsamkeetscourse" fir Mënschen, déi gestresst sinn, deels vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. "Ech wënschen e soziale Präis, fir datt jiddereen, dee wëll, dorunner Deel huele kann."