"Ech hu bei RTL alles matgemaach"

De Guy Weber mam Luc Marteling an der Redaktiounskonferenz. / © Pierre Weimerskirch
De Guy Weber war déi lescht Joren Informatiounsdirekter bei RTL. Op sengem leschten Dag virun der Pensioun (28. Juni) ass dësen Interview entstanen.
"Et war scho komesch déi lescht Deeg"
Och wann ee wéisst, dass ee geschwënn an der Pensioun ass, wier et "scho komesch déi lescht Deeg" gewiescht.
"Ech beschäftege mech scho ganz laang domadder, mat deem leschten Dag, an déi leschte Kéier mam Vëlo op d'Schaff. Déi leschte Kéier eng Redaktiounskonferenz, déi leschte Kéier, dass de mat der Ekipp dann zesumme bass."
D’Europawalen dëst Joer waren dem Guy Weber seng 20. Walen, déi hien als Journalist matgemaach huet, elo wier de richtege Moment gewiescht opzehalen.

Dem Guy Weber seng lescht Redaktiounskonferenz.
Vill flott Momenter als Journalist
"Ech hu bei RTL alles matgemaach, wat een als Journalist konnt", esou de Guy. Vum Sport iwwer Presentatioun vum Journal op der Tëlee, de Guy Weber huet all d’Etappe béi RTL matgemaach.
Als Journalist huet hien och vill Persounen aus der Zäitgeschicht am Interview gehat, am Gespréich hat hien ënnert anerem de Jassir Arafat, de Václav Havel an de Lech Wałęsa.
E grousse Succès war och déi éischt Kriminalemissioun zu Lëtzebuerg. Un d'DNA-Zäit erënnert hie sech gär:
"Ech denke virun allem un déi ganz Aarbecht, déi mer zesumme gemaach hunn, an enger klenger Ekipp. Do sinn ech och op Leit getraff, wou s de sees, et muss ee schonn de Courage hunn, als Fra, déi eng Kéier am Grapp vun deem eenzege Seriëkiller zu Lëtzebuerg war, do en Temoignage ze ginn."

Screenshot aus der Emissioun DNA iwwer geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.
Nicaragua, Burkina Faso, Südkorea, duerch d’Aarbecht wier hien och vill an der Weltgeschicht ënnerwee gewiescht.
Journalismus am Wandel
De Journalismus misst nees méi zu senge Wuerzelen zeréckfannen. Manner d’Sproochrouer vun Offizielle sinn, ma de Leit méi versichen ze erklären, wat zum Beispill d’Konsequenze vu politeschen Decisioune sinn. Als Journalist wier een nëmmen engem verflicht, an dat wieren d’Leit dobaussen, an do géif et ëm Vertraue goen.
"Vertraue kriss de nëmmen dann, wann d'Leit dobaussen, déi eis nolauschteren, eis nokucken oder eis liesen, wann déi dat Gefill hunn, dass een hinnen och nolauschtert."

De Guy Weber huet och de Journal op der Tëlee moderéiert.
E gudde Journalist misst kritesch, hongereg a virwëtzeg sinn.
An Zäite vu soziale Medien hätten och déi klassesch Medien hir fest Plaz. Et ass hir Roll, d’Leit korrekt ze informéieren an och d’Aktualitéit anzeuerdnen. Et dierft een net de Feeler maachen an dovun ausgoen, dass jiddereen alles weess. Nieft dem Informéieren an Erkläre misst een als Medien och Opdecken:
"Opdecken ass dee schwieregste Part bei deem Ganzen, mee och dofir si klassesch Medien do."
E puer ganz komplex Dossieren
"Ech hat schonn heiansdo ganz komplex Dossieren, wou ech mer am Nachhinein gesot hunn, dee war vläicht nach net honnertprozenteg sprochräif", esou de Guy Weber op d’Fro, ob et och emol méi schwiereg Momenter gouf.
"Jee nodeem mat wiem een et ze dinn huet, huet deen eng Arméi vun Affekoten, déi jo nëmmen op dee klengste Feeler waarden, fir dech auserneenzehuelen, et huet mech ni beaflosst, well ech net ze beaflosse sinn."
Als Journalist, grad an investigativen Dossieren, hätt een ëmmer e puer Gedanken am Hannerkapp: "Et muss equilibréiert sinn, et muss korrekt sinn, d'Fakte mussen iwwerpréift sinn, an et geet ëmmer ëm d'Fakten, net ëm Emotiounen."

Interview um Tennisturnéier op der Kockelscheier (1994).
De schwieregste Moment hat de Monnerecher Jong 1994. Hie war nach net laang op der Tëlee an huet e groussen Tennisturnéier couvréiert. Wärend engem Interview huet déi deemoleg Weltklassespillerin Martina Navratilova ugedeit, wéi wa si géif e Glas Waasser iwwert de Mann mam Mikro schëdden:
"Ech hat eng Fro gestallt, déi méiglecherweis net gutt war. Et ass op jidde Fall a mengen Ae falsch interpretéiert ginn. Dat war als jonke Journalist schonn eppes, wat mech markéiert huet. D'Fro huet sech am Fong drëm gedréint, dass d’Martina Navratilova sech géif zréckzéien."
De Guy Weber gouf als jonke Journalist vum Public ausgepaff, de wuel penibelste Moment a senger Karriär.
An elo, wéi geet et an der Pensioun virun?
Eemol Journalist, ëmmer Journalist. No engem richtege Break kéint hie sech virstellen, nees als fräie Mataarbechter an d’Redaktioun zeréckzekommen. Eng konkreet Iddi huet hien och schonn: Ongekläerte Kriminalfäll journalistesch opschaffen. E grousse Virdeel hätt een an der Pensioun: Zäit. "Dat ass den Dram vun all Journalist, dass een Zäit huet."
De Vëlo ass a bleift eng Passioun. An esou dierft een de Guy Weber an den nächste Wochen a Méint nach méi heefeg um Vëlo gesinn. Ma och Reesen a Wandere stinn um Programm.
Einfach emol nees a Rou e Buch vu vir bis hannen ze liesen, dat ass e weidere Punkt op der To-Do-Lëscht (all Tipp kann ee gären an de Kommentarer hannerloossen).
De Guy Weber ass net de Matteo!
An à propos Kommentarer, een Tëscheruff vum Guy Weber hat fir vill Reaktiounen an Diskussioune gesuergt.
E Cyclist, deen eng Kéier ze enk geholl huet an um Enn e Protokoll krut. Ëmmer nees war an den RTL-Commentairen ënnert dem Artikel d’Theorie opgestallt ginn, dass de Guy Weber selwer de Matteo gewiescht wier. Am Faktencheck seet de pensionéierte Mataarbechter vun RTL: "Et ass net mir geschitt, well ech hätt ni ee Kommentar gemaach iwwert mech selwer."
Esou ass och dëse Fall gekläert. De Guy Weber, dee selwer Auto a Vëlo fiert, wënscht sech awer méi Respekt op der Strooss.

Eng Dier, déi ëmmer opstoung, wann ee Froen hat. Merci Guy. / © Pierre Weimerskirch
De Guy Weber huet 32 Joer fir RTL geschafft, ugefaang huet hie beim Radio. No enger kuerzer Ënnerbriechung am Privatsecteur ass hien am Juni 1994 als Journalist bei RTL Télé zeréckkomm. 2017 ass hie Chefredakter vun der Tëlee ginn an ass duerno Informatiounsdirekter ginn, mat ënnert anerem der Missioun, eng gemeinsam News-Redaktioun ëmzesetzen. E Méindeg iwwerhëlt de Luc Marteling als Directeur de l’information d’Geschécker vun der Redaktioun. En Iwwergang, dee béid méintelaang preparéiert hunn, esou de Guy Weber am Sonndestinerview.