194 Euro an 2 Punkten: Säftege Pretekoll … um Vëlo

De 14. Abrëll 2023 huet de Matteo sech e fräien Dag geholl, fir e Vëlostour ze maachen. Um Enn krut hien e säftege Pretekoll.
De Matteo* ass e passionéierte Cyclist. Hien ass 60 Joer al fiert haut nach ëmmer eng 20.000 Kilometer am Joer. Hie baut seng Vëloe selwer zesummen. Mat Stécker, déi hien eenzel akeeft. Hien ass Italiener a lieft schonns iwwert 20 Joer am Land. De Matteo ass e rengen Athlet, éischter e Vëlosfuerer vum Typ "Grimpeur". Hie schafft nach. Op enger Fréischicht. An engem Industriebetrib. Esou kann hie sech arrangéieren, fir nomëttes seng Passioun auszeliewen. De 14. Abrëll 2023 huet de Matteo sech e fräien Dag geholl. Et ass e Freiden. Kuerz no aacht Auer moies sëtzt hie sech an engem Stater Viruert (hie wunnt do) op säi Vëlo.
Säin Zil: eng 150 km queesch duerch d'Land. Fir hien ass et Normalitéit.
Buerschent, freidegmoies am Abrëll um 10.15 Auer
Zwou Stonne laang leeft deen Dag alles normal. Bis hien zu Buerschent ukënnt. Et ass kuerz no 10 Auer moies. Nach keng Rush Hour zu Buerschent. Buerschent ass e beléifte Passage fir Cyclisten. Buerschent läit uewen op enger Kopp. Op der Haaptstrooss wëll hien no lénks ofbéien. A Richtung Kiemen. Hie mécht dat och. Mat Schwong.
Op Nofro bei der Police heescht et textuell:
De Cyclist, ëm deen et geet, ass de Policebeamten op deenen hirer Spuer entgéintkomm, an zwar ganz um baussegste Stroosserand vun deenen hirer Spuer. E war also net nëmmen net no beim baussegste Bord vu senger eegener Spuer, an och net liicht op der Géigespuer, mä ebe carrement um ganz baussegste Stroosserand vun der Géigespuer, eegenen Aussoen no fir mat méi Schwong ofbéien ze kënnen. Soumat huet hie sech zweiwelsfräi net an där am Art. 118-01 beschriwwener Zon opgehalen an huet d'autant plus duerch säi falscht Ofbéien den aneren d'Virfaart geholl (Art. 136-07).
De Matteo gëtt direkt ugehalen.
D'Police freet d'Pabeieren.
Och de Fürerschäin.
Wat dann d'Dokumenter ugeet: Et schwätzt näischt dogéint, datt d'Policebeamte froen, fir e Führerschäin ze gesinn, allerdéngs kann een net bestrooft ginn, wann ee mam Vëlo ënnerwee ass an de Führerschäin net derbäi huet (anescht wéi zum Beispill beim Autoschauffer). Par contre kann ee Vëlosfuerer, grad esou wéi all aner Chauffer, Punkten um Führerschäi verléieren. Do dernieft gëtt et zu Lëtzebuerg eng Ausweisflicht, dat heescht mat iergendengem offiziellen Dokument (zum Beispill Carte d'identité, Führerschäin...) muss ee sech zu all Ament op Nofro hin ausweise kënnen. Dat ass jo d'ailleurs och am Interêt vun der Persoun. Soss wéisst een zum Beispill am Fall vun enger schwéier accidentéierter Persoun emol net, ëm wien et sech handelt.
De Matteo huet also géint d'Artikelen 118-01 an 136-07 vum Code de la route verstouss.
Art. 118-01:
"[...] Les conducteurs doivent circuler, en marche normale, près du bord droit de la chaussée autant que le leur permet l'état ou le profil de celle-ci. [...]".
Art. 136-07:
"Défaut, en obliquant vers la gauche, de céder la priorité à un usager circulant en sens opposé et continuant en ligne droite ou obliquant vers la droite"
Héchststrof!
De Verdikt:
49 Euro fir d'Violatioun vum Artikel 118-01.
145 Euro fir d'Violatioun vum Artikel 136-07.
Total vun der Rechnung: 194 Euro plus 2 Punkten um Fürerschäin.
Souzesoen:d'Héchststrof!
De Matteo acceptéiert d'Strof. Hien ass am Feeler a weess dat och. Dat ass och net de Punkt. Hien ass schonns e bëssen iwwerrascht iwwert déi gepeffert Sanktioun.
Hie fiert säin Tour weider.
142 Kilometer a 1500 Héichtemeter huet hien um Enn erofgestrampelt. Dofir huet hie keng 5 Stonne gebraucht. Seng Moyenne: 30 Kilometer an der Stonn. Hien huet sech un d'Vitesse-Limitatioune gehalen.
Dëst ass net d'Enn vun der Geschicht.
Den Artikel 118-01 huet mech intrigéiert.
....près du bord droit de la chaussée.....
Wien definéiert am Normalfall exakt de "près du bord droit" vun der Strooss? Ass et dem Ermiesse vun de Polizisten iwwerlooss? Ewéi gëtt et gehandhaabt, wa kee Stréch an der Mëtt vun der Strooss gezunn ass?
Dat bréngt mech direkt op en aneren Artikel aus dem Code de la route: den Artikel 125

Foto vu Mallorca mam Ofstand vun 1,5 Meter / © RTL Mobile Reporter (Archivbild)
Anhale vun 1,5 Meter Distanz?
De Respekt vun 1,5 Meter Ofstand tëscht Automobilist(inn)en a Vëlosfuerer am Stroosseverkéier.
Ewéi kann déi Distanz an der Realitéit ageschat ginn? Ass et och eng Ermiessenssach?
Wat finalement de Sécherheetsofstand vun 1,5 Meter ugeet, ass et effektiv momentan esou, datt et vun engem technesche Point de vue hier aktuell kee legal zougeloossene respektiv homologéierte Moyen gëtt, fir dat absolut Anhale vun 1,5 Meter Distanz beim Iwwerhuelen ze iwwerpréiwen. Deemno ass et net méiglech, fir d'1,5-Meter-Reegel op e puer Zentimeter mat bloussem Aen ze iwwerpréiwen.
Schreift d'Police op Nofro hin.
Eng änlech Explikatioun hat de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox viru kuerzem och op eng parlamentaresch Ufro geliwwert.
"il n'est techniquement pas faisable, ni efficient en termes de ressources nécessaires, d'effectuer des contrôles spécifiques concernant le respect de l'article 125 du Code de la Route."
Police a Ministère verweisen op d'Preventioun.
....an appelléieren un de géigesäitege Respekt am Stroosseverkéier tëscht all den Usagers de la route. Fir op d'Thematik ze sensibiliséieren, gouf jo ënnert anerem eng dediéiert Informatiounscampagne lancéiert an d'Police war och méi rezent nach un der aktueller Sensibiliséierungscampagne vum Mobilitéitsministere bedeelegt.
Sanktioune vum Artikel 125 vum Code de la route ginn et seelen, liest een an der Äntwert op déi parlamentaresch Ufro.
Depuis l'introduction, le 1er mai 2018, de l'article 125 du Code de la Route (règle des 1,5 mètres de distance latérale obligatoire lors du dépassement entre un cycle et un véhicule motorisé), ledit article a été appliqué 39 fois.
39 Mol gouf den Artikel 125 applizéiert. Bannent 5 Joer. Dat ass am Schnëtt all 6 Wochen eemol.
De Mobilitéits-Ministère léisst et einstweilen bei der Preventioun.
Op Nofro hin kruten mer verséchert, dass .....
Et war eigentlech net virgesinn, dass mir deemnächst Stroosse-Schëlder opstellen no dëser Campagne. De Ministère mécht all Joer mindestens zwou Sécherheetscampagnen, wou mir ëmmer rëm déi verschidden a wichteg Themen opgräifen a widderhuelen. Mir kënne leider net fir all Reegel Schëlder opstellen.
A Frankräich an och a Spuenien gi se do aner Weeër.
Guy Weber
E passionéierte Cyclist an .... Automobilist
*De Cyclist, ëm deen et hei geet, heescht net Matteo. De richtege Numm ass der Redaktioun bekannt.