Asteroid-DayWann d'Liewen op der Äerd a Gefor ass

Marc Hoscheid
Am Cercle Cité ass den Asteroid Day Festival. Interesséierter fannen Informatioune ronderëm de Weltraum am Generellen an iwwert Asteroiden am Spezifeschen.
© AFP

Schonn zanter e Freideg ass de Schwäizer Simon Grimm, Dr. an der Astrophysik, am Grand-Duché, fir iwwert de Weltraum ze schwätzen. Hien huet sech nieft der Erfuerschung vun Asteroiden op d’Sich no Planéiten, op deene Liewe wéi op der Äerd méiglech ass, spezialiséiert. An déi kéint sech nawell nach eng gutt Zäitchen zéien.

Asteroid-Day: Wat, wann d’Liewen op der Äerd a Gefor ass? (Rep. Marc Hoscheid)

Et gëtt och nach aner Planéiten am Universum, op deenen et Liewe gëtt oder op mannst d’Viraussetzunge fir Liewen existéieren. Dovunner ass den Dr. Simon Grimm iwwerzeegt. Bei Milliarde vu Planéite wier déi Chance op alle Fall ganz grouss. Dobäi schwätzt een och nach vun Exoplanéiten, also Planéiten, déi sech am Gravitatiounsfeld vun engem Stär beweegen. Ma och wann et där extrem vill gëtt, heescht dat net, datt der ganz vill no bäi gëtt.

“Die nächsten Planeten sind etwa vier Lichtjahre weit entfernt, also eine Nachricht bräuchte vier Jahre, bis sie dort eintrifft. Und dann müsste man nochmals vier Jahre warten, bis eine Antwort käme. Das sind aber nur die ganz Nächsten. Dann gibt es solche, da würde es Tausende von Jahren dauern, bis man überhaupt mal ein Signal dorthin schicken könnte.”

An den 1970er-Jore goufe mat de Voyager-Raumkapselen Placke mat Informatiounen iwwert déi mënschlech Zivilisatioun an de Weltraum geschéckt. D’Raumkapselen hunn elo awer mol grad eise Sonnesystem verlooss. Et dierft dann och wuel bei esou oder anere Signaler bleiwen. Un een direkte Kontakt mat ausserierdeschem Liewe gleeft de Simon Grimm net.

Do wier et scho wesentlech méi warscheinlech, datt d’Äerd vun enger sougenannte Killer-Asteroid getraff gëtt.

“Man muss jetzt keine Panik davor haben, aber man sollte sich bewusst sein, dass das eine Möglichkeit ist. Nicht unbedingt in den nächsten zwei drei Jahren, vielleicht auch nicht in den nächsten Jahrzehnten, vielleicht auch erst später. Der Punkt ist aber, wir wissen, dass es dieses Szenario gibt und dass es auch realistisch ist.”

Dowéinst misst een dorunner schaffen, potenziell geféierlech Asteroiden mat Zäiten ze erkennen a se och ofwieren ze kënnen. Virun allem bei deem leschte Punkt wier nach vill Loft no uewen.

“Da ist man erst in der Testphase. Die DART-Mission war ein Beispiel dafür, wo man versucht hat, einen Asteroiden künstlich abzulenken. Aber das sind nur ganz kleine Erfolge, die man da erzielt. Das dient vor allem der Wissensansammlung, damit man versteht, was möglich ist und was nicht.”

Mee och d’Erkenne vun den Himmelskierper misst sech weider verbesseren. Wann een een Asteroid fréi genuch erkenne géing, kéint een vläicht een aneren Asteroid oflenken an esou eng Kollisioun provozéieren, dofir bräicht et awer eng gewësse Virlaf-Zäit.

Ganz onofhängeg vun Asteroiden-Aschléi hätt d’Liewen op der Äerd awer souwisou een Oflafdatum. An zwar wann a ronn véier Milliarde Joer de Sonnesystem op een Enn kënnt. Dowéinst wier d’Sich no anere Planéiten, op deene Liewe méiglech ass, och net vu Muttwëll. A wann ee weess wéi laang d’Weeër am Weltraum sinn, kéint een net fréi genuch domadder ufänken.

Back to Top
CIM LOGO