Logementspräisser gi just ganz lues méi bëlleg, wärend Loyere weider klammen

© RTL Archiv
Aus den neiste Chiffere vun atHome geet ervir, datt déi annoncéiert Logementspräisser nëmme ganz lues méi bëlleg ginn an d'Loyere weider klammen.
Baséiert gëtt sech bei den Zuele reng op déi annoncéiert Präisser, net op dat, wéi et herno reell verkaf gëtt.

Am Laf vum zweeten Trimester dëst Joer ass et bei de Präisser vun engem Haus e Minus vu ronn 5 Prozent am Verglach zu de Méint Abrëll bis Juni 2023. Bei den Appartementer ass et souguer just eng Baisse vun 3,3 Prozent.
D’Loyeren dogéint gi weider méi deier. Ëm knapp 4 Prozent op engem Appartement oder ëm 1,5 Prozent fir e gelount Haus. Den annoncéierten Duerchschnëttsloyerpräis läit deemno den Ament am Zentrum vum Land bei 2.140 Euro de Mount. Am Minett bei 1.690 Euro an am Norde bei 1.470 Euro de Mount.
