D’Retarde bei de Remboursementer vun der Gesondheetskeess waren och nees Sujet an der Chamber e Mëttwoch.

“Jo et gi Retarden, mee mir si besser ginn”, esou d’Sozialministesch Martine Deprez op d’Fro vum Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum. Well antëscht 259 Dokteren den neie System vum “Paiement immédiat” adoptéiert hunn, wieren d’Retarden zeréckgaangen. Trotzdeem géing et effektiv bei 15% vun de Rechnungen nach e Retard tëscht 7 an 12 Woche ginn.

D’Martine Deprez huet zouginn, datt et Problemer beim Scanne vun de Rechnunge géing ginn. Zum Beispill wa bei de Kopien eng Agraff dru wier oder d’Rechnung net gutt gefaalt war. Fir déi “basesch Aufgabe” géing d’CNS elo tatsächlech Interimsaarbechter astellen, huet d’Sozialministesch confirméiert.

Sexting a Cybermobbing bei de Jonken a Kanner

Den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch huet d’Suerg vu senger Parteikolleegin, der DP-Deputéiert Barbara Agostino an der Chamber gedeelt. De Minister huet engersäits nei Guidelines (Richtlinnen) an de Schoule fir d’Rentrée ugekënnegt, déi aktuell nach mat den Enseignanten an Eltere géingen ausgeschafft ginn. Donieft huet de Claude Meisch gemengt, datt d’Regierung en nationalen Aktiounsplang misst an d’A faassen, wou och d’Santé an d’Justiz géinge mat dru schaffen. De Minister huet allgemeng bedauert, datt méi Zäit am Digitale manner Zäit fir ze spillen an ze schwätze bedeit an datt Elteren dacks e "Sécherheetswan" hätten, wa Kanner baussen eppes maachen, mee net wa se online ënnerwee sinn.

Policehelikopteren

An der Froestonn un d’Regierung goung et dann och nach ënnert anerem ëm d’Policehelikopteren. “Et muss ganz kloer nogebessert ginn”, huet den Inneminister Léon Gloden dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser geäntwert. Hien huet confirméiert, datt d’Police-Helikopteren net all hir taktesch Operatioune kéinten ausféieren, well deels eng legal Basis feelt. Sou kënne Policehelikopteren keng Beamte mat Waffen transportéieren, well se als zivil Helikopteren ugemellt sinn. Se kënnen hir Laseren och net benotzen an net ausserhalb vun Terrainen, déi d’Direktioun vun der Aviatioun erlaabt huet, landen. De Minister huet versprach, datt hien do mat der Transportministesch Yuriko Backes géing handelen.