D'Membere vun der jüddescher Communautéit an Europa sinn ëmmer nach mat Antisemitismus an engem geféierlechen Ausmooss konfrontéiert.

Dat geet aus enger Ëmfro vun der EU-Agence fir d'Grondrechter, der "Fundamental Rights Agency", ervir. Et ass déi drëtt Ëmfro no 2013 an 2018. De Sondage gouf allerdéngs virum Ausbroch vum Krich an der Gazasträif gemaach. Am Rapport wieren awer och Informatioune vun 12 Organisatioune verschafft ginn, déi méi rezent Donnéeë gesammelt hunn an déi vun enger Hausse vun antisemitteschen Tëschefäll beriichten. Verschidden Organisatiounen hu vun enger Hausse vu 400 Prozent geschwat.

Méi wéi 70 Prozent vun de Leit hunn an der Ëmfro vun der Fundamental Rights Agency uginn, datt si hir jüddesch Identitéit op d'mannst en Deel vun der Zäit géinge verstoppen. 80 Prozent waren der Meenung, datt den Antisemitismus an hirem Land an de fënnef Joer virum Sondage geklommen ass. Den Antisemitismus ass besonnesch Online e Problem: 90 Prozent soten, datt si am Joer virun der Ëmfro um Internet mat Antisemitismus confrontéiert waren.

Knapp 40 Prozent hunn uginn, datt si am Joer virun der Ëmfro belästegt goufen, well si jüddesch sinn, déi meescht vun hinne goufe méi wéi ee mol belästegt. En Drëttel vun de Leit evitéiere jüddesch Evenementer a Plazen, well si sech net méi sécher fillen. Iwwert d'Hallschent vun de befrote Jüddinnen a Judden hu gesot, datt si sech Suergen ëm d'Sécherheet vu sech selwer an nach méi vun hirer Famill maachen.

Wann Tensiounen am Noen Oste klammen, hëlt och den Antisemitismus zou

Allgemeng hätte Fuerschungsaarbechte vun der Fundamental Rights Agency aus de leschte Jore gewisen, datt Antisemitismus an Zäite vun Tensiounen am Noen Osten zouhëlt. 75 Prozent vun de Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, hunn och uginn, datt si fir d'Handlunge vun der israeelescher Regierung verantwortlech géinge gemaach ginn, well si jüddesch sinn.

Am Rapport vun der FRA ginn och Mesurë recommandéiert, déi d'EU an d'Memberstaaten an der Lutte géint den Antisemitismus kënnen ëmsetzen, dorënner d'Ëmsetzen an d'Finanzéierung vun Aktiounspläng, d'Investéieren an d'Sécherheet an de Schutz vun der jüddescher Populatioun an d'Bekämpfe vun Antisemitismus am Internet. Jüddinnen a Judde missten och méi iwwert hir Rechter opgekläert ginn an encouragéiert ginn, antisemittesch Tëschefäll ze mellen.

Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Et hunn 8.000 Jüddinnen a Judden aus 13 EU-Länner un der Ëmfro vun der Fundamental Rights Agency deelgeholl. Lëtzebuerg war allerdéngs net Deel vum Sondage. D'ASBL Rial, déi zanter 2017 antisemittesch Virfäll zu Lëtzebuerg dokumentéiert, huet an hirem Bilan vum leschte Joer awer eng dramatesch Hausse vun antisemittesche Virfäll festgestallt, dat notamment nom 7. Oktober.

Goufen 2021 nach ronn 80 Virfäll u Rial gemellt, waren et der 2023 144. Déi éischt néng Méint vum leschte Joer goufen am Schnëtt véier Virfäll de Mount gemellt, ma nom Ugrëff vun der Hamas an dem Ausbroch vum Krich an der Gazasträif wier deen Taux op tëscht 30 bis 35 Fäll de Mount geklommen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng gesënnert Statistiken zu de Fäll vun Antisemitismus, déi viru Geriicht landen. Dat geet aus enger rezenter Äntwert vun der Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar ervir, déi sech op de Bilan vu Rial bezunn huet.

E puer Zuele goufen awer am Kader vun der Presentatioun vum Nationalen Aktiounsplang géint Antisemitismus (PANAS) am September 2023 genannt: 2022 hätt et zu Lëtzebuerg zwou Verurteelunge ginn, dat wéinst dem Erofspille vum Holocaust am Kontext vun der Covid-Impfcampagne. Allgemeng géife sech antisemittesch Virfäll zu Lëtzebuerg dacks a Form vun Hate Speech weisen, zum Beispill duerch antisemittesche Graffiti oder duerch Kommentaren an de soziale Medien.

An de leschte Joren hätt et zwar keng dokumentéiert Virfäll vu physescher Gewalt ginn. Mä: "Dës scheinbar berouegend Observatioun sollt awer net zur Conclusioun verleeden, datt et an dësem Beräich net néideg wier, aktiv ze ginn."