Tëscht Marc Goergen a Sven Clement rumouert et

Sven Clement a Marc Goergen (v.l.n.r) / © RTL
D'Sensibilité politique wäert zwar weider bestoe bleiwen, ma wat de finanzielle Volet ugeet, wäert et, do wou méiglech, zu enger strikter Trennung kommen.
Bei der Piratepartei rumouert et virun. Wéi den Deputéierte Marc Goergen RTL géintiwwer confirméiert huet, wäerten hien an de Sven Clement an Zukunft an der Chamber just nach sou enk zesummeschaffe wéi onbedéngt néideg.
D'Sensibilité politique wäert zwar weider bestoe bleiwen, ma wat de finanzielle Volet ugeet, wäert et, do wou méiglech, zu enger strikter Trennung kommen. Dat betrëfft virun allem d'Paie vun de Mataarbechter, déi vum jeeweilegen Deputéierte bezuelt ginn. Hie wéilt net, datt de Sven Clement an Zukunft mat senge Sue Rechnunge bezuele kéint, esou de Marc Goergen. Hie géing net behaapten, datt do an der Vergaangenheet eppes schif gelaf wier, ma et wier eng Virsiichtsmoossnam.
Hannergrond ass d'Affär ronderëm den Dossier MALT. Dat war eng Iwwersetzungsapp, déi d'Piratepartei am Kader vun der Flüchtlingskris vun der Firma Clement&Weyer fir den Office national de l'Accueil entwéckele gelooss hat. Mëttlerweil fuerdert den ONA awer Suen zeréck. Wärend de Marc Goergen der Meenung ass, datt déi Leit, déi Sue kritt hunn, déi och rëm sollen zeréckbezuelen, refuséiert de Sven Clement dat a wëllt, datt d'Partei d'Suen zeréckbezilt.
Mam Ben Polidori hat e Méindeg jo ee vun deenen dräi Piraten-Deputéierten annoncéiert, datt hien d'Partei verléisst. Och wann hien am RTL-Interview sot, datt den Dossier MALT net den Haaptgrond fir déi Decisioun war, ass hannert de Kulissen ze héieren, datt dat awer duerchaus eng Roll gespillt hätt.
E Mëttwoch de Moien huet sech iwwerdeems de Jerry Weyer op Facebook zu Wuert gemellt. Hie war ee vun de Parteigrënner a Coordinateur vum Bezierk Zentrum. A sengem Post bezitt hie sech op Aussoen, déi de Marc Goergen an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort gemaach huet. Et géing net stëmmen, datt hien, wéi vum Marc Goergen behaapt, vun engem Audit wosst, dee Froen zum Projet MALT opwërft. Hien hätt der Partei schonn am November d'lescht Joer de Réck gedréint. Den Audit war allerdéngs schonn Ufank 2023 ofgeschloss. Dem Sven Clement no wier d'Partei am Juni opgefuerdert ginn, Piècen nozereechen, dat mat Verweis op een Audit duerch d'KPMG. Dem Marc Goergen no hat de Sven Clement e Méindegowend an der Parteileedung erkläert, datt och de Jerry Weyer net domadder d'accord wier, Suen un den ONA zeréckzebezuelen.