Eng Kommissioun soll sech ëm Reklamatioune këmmeren

Enn vum leschte Joer wier de Ministère iwwert e Malaise am Mamer Lycée informéiert ginn, an hätt sech zanterhier staark engagéiert, heescht et vum Minister Meisch. / © RTL-Archiv
De Minister Meisch huet an der Educatiounskommissioun bedauert, dass Zeitungsartikelen an Diskussioune sech negativ op d’Image vun der Schoul néierschloen.
Déi schlecht Stëmmung am Lycée Josy Barthel zu Mamer gouf en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert. Déi Gréng haten de Sujet op den Ordre du jour sëtze gelooss. D’Deputéiert Djuna Bernard wollt deemno wëssen, wat un diverse Reprochen dru wier, déi een an de Medie géing liesen. Bei dëse geet et iwwer eng schlecht Kommunikatioun am Lycée, eng toxesch Ambiance, ofgesoten Ausflich an net bezuelte Rechnungen.
Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet fonnt, dass net all d’Reprochë géingen op d’Place publique gehéieren. Dat wier net gutt fir den Image vun der Schoul an d’Schüler. Ma et géing och net vum Ministère bestridde ginn, dass et e Malaise géing ginn. Falls Mataarbechterinnen oder Mataarbechter am Mamer Lycée d’Gefill hätten, net vun der Direktioun protegéiert ze ginn, géing d’Dier vum Ministère ëmmer opstoen. "A wa mer da feststellen, dass do eng Interventioun vum Ministère néideg ass, sief et disziplinarescher Natur, da géife mir dat maachen. An dann hätte mir dat och an der Vergaangenheet sécherlech gemaach", sou de Minister.
Enn vum leschte Joer wier de Ministère iwwert e Malaise am Mamer Lycée informéiert ginn, an hätt sech zanterhier staark engagéiert. Zesumme mat der Enseignantsgewerkschaft SEW hätt ee festgehalen, dass ee fir d’Rentrée eng Commission de gestion des plaintes wëllt aféieren. Wann dat net duergeet, géing een nach eng Kéier wëllen eng Form vu Coaching social maachen. Alles dat géing weisen, dass een d’Saach géing eescht huelen an net wéilt erofspillen. D’Djuna Bernard wollt dann nach wëssen, wien dann an esou enger Commission de gestion des plaintes vertruede wier. Dorobber gouf et awer keng kloer Äntwert. De Claude Meisch sot, et géing een hoffen nees an e Klima zréckzekommen, wou nees jidderee mat jidderengem kéint schwätzen, an eng Vertrauensbasis do wier.
Och d’Direktioun, déi dacks d’Zil vu vill Kritik war, soll dem Minister no weider nei opgestallt ginn. Dat um Niveau vun den Attachéen, wéi och vun de Sous-Direkteren. Iwwert den Direkter ass an der Chamberkommissioun awer net riets gaangen.
A ce stade géing keen Audit envisagéiert ginn, äntwert de Claude Meisch dann op d’Fro vum CSV-Deputéierten Alex Donnersbach. Wann et awer géingen zu iergend engem Ament Indikatioune ginn, dass ee misst disziplinaresch virgoen, da géing een dat och maachen.
De Conseiller aus dem Ministère ass dann nach op weider Froe vun der Deputéierter Djuna Bernard agaangen. "Et ass e bësse speziell, dass mer hei mussen iwwer Schoulreese schwätzen oder eng Rechnung, déi net bezuelt ginn ass", fënnt den Alex Folscheid. Hien erënnert, dass de Mamer Lycée, den Dag nodeem Israel vum Iran mat Rakéiten an Dronen ugegraff gi wier, beim Ministère nogefrot hätt, ob den Dag dono eng Rees an Ägypte méiglech wier. "Mir hunn dem Mamer Lycée gesot, dass mer hinnen ofroden, déi Rees ze maachen. Den Ausseministère hat och eng Reeswarnung erausginn", erkläert de Conseiller. Hieren Informatiounen no wieren all d’Eltere rembourséiert ginn. Ween wéi iwwert d’Ofsoe vun der Rees informéiert gi wier, a wat net funktionéiert huet, misst awer bannt der Schoul gekläert ginn.
Weider war an engem Artikel vu Reporter.lu ze liesen, dass den Dierwiechter am Sekretariat gewiescht wier, wéinst net bezuelte Rechnungen. Hei géing et ëm e Montant an Héicht vu 400 Euro goen. Eng Rechnung am Kader vun der Formatioun professionelle, déi wuel am Sekretariat vun der Schoul ënnert den Dësch gefall wier. Verwonnert weist hie sech och doriwwer, dass et net annerhallef Stonn gedauert hätt nodeems den Dierwiechter do war, bis déi éischt Ufro an deem Kader vun der Press komm wier. Och dat wier en Indice dofir, wéi d’Situatioun an där Schoul do wier.
Den Educatiounsministère wëllt sech elo bis Enn vum Kalennerjoer ginn, fir en éischte Bilan ze zéien. Da soll gekuckt ginn ob d’Mesuren, déi en Place gesat goufen, eppes bruecht hunn.