RTL-Informatiounen no sollen am ganzen 10 Leit d'Schoul verloossen, well se d'Behuele vun der Direktioun einfach net méi verdroen.

"De Malaise am Lycée Josy Barthel zu Mamer ass eis net nei. Mir schaffen op d'mannst schonn zanter Januar dëst Joer dorun an hunn och zesummen mat der Gewerkschaft SEW an mat der Direktioun Initiative geholl", seet den Educatiounsminister Claude Meisch zum Rumouers am Mamer Lycée.

RTL-Informatiounen no sollen am ganzen 10 Leit d'Schoul verloossen, dorënner gestanenen Enseignanten, well se d'Behuele vun der Direktioun einfach net méi verdroen. Rieds ass vun enger "toxescher Ambiance", Harcèlement, engem Manktem u Respekt am Ëmgang mat de Leit a vun enger katastrophaler Kommunikatioun. Et hätt een awer Initiative geholl, sou de Claude Meisch

Extrait Claude Meisch (1)

"Eng Initiativ 'Oppent Ouer', déi invitéiert huet, fir wann et e Problem oder e Malaise gëtt, och kënnen doriwwer ze rapportéieren. Mir hunn och fir déi nächst Rentrée eng Rei vun weideren Initiative geplangt gehat. Eng Kommissioun, déi sech ëm Plainten a Reklamatioune soll këmmeren. Mir gesinn och vir, fir d'Direktioun méi breet opzestellen. [...] Nu leider stellen ech fest, dass dat net jidderengem bis elo duergaange ass. Ech muss awer och soen, dass eng Schoul, innerhalb där hirer Communautéit et Differenzen an Divergenze gëtt, muss déi och virun allem innerhalb vun där Communautéit léisen. An do kann net de Ministère oder soss iergendee kommen a soen 'du hues Recht'. [...]  Mir ass et wichteg, dass jiddereen an enger Schoul sech verstane spiert a probéiert, mat an eng selwecht Richtung ze zéien an dat ass hei offensichtlech net ëmmer de Fall."
 
Hannert de Kulissen heescht et, dass sech zanter der Nominatioun vun engem Proff als Directeur adjoint 2021 villes zum Schlechten entwéckelt hätt. Besonnesch an den tëschemënschlech Relatiounen.

Extrait Claude Meisch (2)

"Ech mengen net, dass et hei drëm geet, fir mam Fanger op den Een oder Aneren ze weisen. Ech muss awer soen, dass bei allem wat mir héieren hunn an dat gëtt jo net ëmmer alles esou confirméiert, wéi een et héieren huet, fille mir eis elo guer net ënner Zuchzwang gesat fir d'Zukunft vun der Direktioun hei a Fro ze stellen. Do ginn et keng Reprochen déi an déi do Richtung ginn. Op jidder Fall keng déi konkret beluecht wieren". 
 
Ënner sou Streidereien, wéi déi hei déi op der Place Publique ausgedroen ginn, leit déi ganz Schoul, bedauert den Educatiounsminister. Problemer innerhalb vun der Schoul, musse bannent der Communautéit geléist ginn. Den Message wéilt hien der Direktioun mat op de Wee ginn, sou de Claude Meisch.