130 Mataarbechter betraffHavilland Bank Lëtzebuerg kéint Lizenz ofgeholl kréien

Jean-Marc Sturm
Pierre Jans
D'Bank Havilland Lëtzebuerg riskéiert, d'Lizenz ofgeholl ze kréien. Eng 130 Leit, déi do schaffen, fäerten ëm hir berufflech Zukunft.
Havilland Bank Lëtzebuerg kéint Lizenz ofgeholl kréien
D’Bank Havilland Lëtzebuerg riskéiert, d’Lizenz ofgeholl ze kréien. Eng 130 Leit, déi do schaffen, fäerten ëm hir berufflech Zukunft.

D’Bank steet der internationaler Fach-Press no am Viséier vun der Europäescher Zentralbank an och vun der CSSF, der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Iwwerwaache vum Finanzsecteur.

Lizenz vun Havilland Bank um Spill / Reportage Jean-Marc Sturm

Dass d’Personal vun der Havilland Bank ëm d’Aarbechtsplaze fäert, dat krut d’Bankegewerkschaft ALEBA vun hire Memberen aus der Delegatioun bei där Bank confirméiert. D’Havilland Bank mat Sëtz an der Avenue Kennedy um Kierchbierg huet Filialen an der Schwäiz, Liechtenstein oder nach Monaco an ass an der Lescht ëmmer nees negativ an d’Schlagzeile geroden.

Scho virun enger hallwer Dose Jore gouf et vun der CSSF eng Milliounestrof wéinst schlechter Gouvernance bei der Lutte géint Blanchiment. D’Bank stoung a Groussbritannien am Verdacht bei Spekulatioune géint d’Wärung vum Katar aktiv gewiescht ze sinn. Dobäi komme lusch Geschäftsrelatioune mam brittesche Skandal-Prënz Andrew, eng Geldwäsch-Affär zu Monaco oder nach Gefréckels beim Volume vun der deklaréierter Perte beim Mammenhaus zu Lëtzebuerg.

Bei der Bankegewerkschaft ALEBA ass een op alle Fall besuergt. D‘Gewerkschaft huet hir Delegéiert bei Havilland op déi verschidden Zenarie virbereet, fir dass si ee propperen Auswee verhandelen. D‘Fuerderung un d‘Bank, esou den ALEBA-President Roberto Mendolia ass, e Budget, fir d’Mataarbechter anstänneg z’entlounen.

“Et bien qu’elles sécurisent un budget pour justement garantir que tous ces employés qui leur ont été fidèles auraient une sortie honorable par rapport à tout ce qu’ils ont donné pour l’entreprise. Ils ne sont pas responsables de ce qui se passe et on espère simplement que la société respectera ce côté social par rapport à leurs employés.”

Vun der CSSF gouf et kee Commentaire.

Aktivitéiten an der Schwäiz a Liechtenstein opginn

D’Havilland Bank wier och schonn amgaangen, hir Aktivitéiten an der Schwäiz an a Liechtenstein ze stoppen. Dat mellen eng Rei spezialiséiert Medien. Schonn am Abrëll hat de Fabian Käslin, bis dohi CEO vun de Banken an der Schwäiz an a Liechtenstein, säi Posten opginn.

Back to Top
CIM LOGO