Haaptwaasserbaseng bakteriologesch verknaschtDrénkwaasser an der Gemeng Miersch aktuell net an der Rei

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt den Ament Problemer mam Drénkwaasser zu Miersch. Wéi aus enge Schreiwes ervirgeet, ass déi ganz Gemeng betraff.
© AFP Symbolbild

Aus Precautiounsgrënn sinn d’Awunner opgeruff, fir d’Krunnewaasser den Ament 10 Minutten ofzekachen, ier een et ka benotzen fir ze drénken, Iessen ze preparéieren oder ze spullen. Et soll een dann och kee Krunnewaasser benotzen, fir réit Uebst a Geméis ze wäschen oder fir Äis ze maachen.

Schreiwes vun der Gemeng Miersch

Back to Top
CIM LOGO