Den Ierfgroussherzog Guillaume baut fir sech a seng Famill eng Dependance um Terrain vum Schlass zu Colmer-Bierg.

Dës Woch hunn déi Colmer Buergermeeschtesch an déi Responsabel de Public iwwer d‘Ännerunge vun de Bebauungspläng an d‘Prozedur informéiert.

Am Schlass Park zu Colmer-Bierg, dem Grand-Duc senger Residenz, dierf een net einfach egal wou eng Dependance fir den Nowuess baue loossen. Vum Prinzip hier wieren awer och hei d‘Modifikatioune vun de Bebauungspläng, dem PAP a PAG, eng standardméisseg Prozedur, sou de Lex Faber, Associée-gérant vun der zoustänneger Baufirma.

„Et ass esou, dass de Schlasspark am PAG eebe spezifesch behandelt gëtt, et gëtt deen Deel vum bestoende Schlass, wou eeben aner Saache méiglech si wéi de Park u sech, dee jo a senger haiteger Funktioun am Fong do klasséiert ass an innerhalb vun där Zone gouf elo eeben ee spezifesche Beräich ausgewisen an deem ebe kann déi zousätzlech Residenz gebaut ginn an dat ass eeben ee Prozess, dee gelaf ass, wou gekuckt gouf, wou ass dat sënnvoll, wou kann sech dat gutt an dee Patrimoine integréieren a voilà, wéi funktionéiert dat konkret um Terrain fir do ze bauen."

Fir de Prënz Guillaume a seng Famill wier et net méi zäitgeméiss, eleng ze wunnen, dowéinst géinge si gäre méi no beim Schlass an der Famill wunnen, sou d'Mandy Arendt. Zanterdeem de Projet ugestouss gouf, wier een an engem ganz enken Echange mat der ierfgroussherzoglecher Famill, sou d‘Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg.

„Ech hat mam Prënz Guillaume d‘Méiglechkeet, ganz vill driwwer ze schwätzen an hien ass och ganz anescht ech soe mol gepoolt an där Saach. Hie seet jo och ganz kloer, mir géinge ganz gären d‘Schlass opmaache fir de grousse Public, bëssi esou wéi si et am Palais maachen an ech mengen, fir Colmar-Bierg als kleng Gemeng, wäert ee wuel wëssen, dass mir d‘Schlass hunn, ass dat eng ganz grouss Plus-value, dass ee ka soen, et kann een effektiv d‘Schlass, deen ënneschten Deel warscheinlech besichtege goen. Ech mengen, déi Chance hate mir aktuell net, ausser et gouf een agelueden oder sou. Dofir soen ech mir, dat kann awer eng ganz grouss Plus-value fir eis sinn.

Bis ewell wieren d‘Reaktioune vun den Awunner ganz positiv. Et hätt ee ganz wéineg Reklamatioune bis guer keng erakrut, esou d‘Mandy Arendt. Bis den 19. August kënnen déi Colmer Leit nach Reklamatioune per Courrier bei de Schäfferot eraschécken.