"Ech fannen zanter Méint kee Bäcker", esou d'Patronne vun enger Bäckerei
© Annick Goerens
De klenge lokale Commerce huet et ëmmer méi schwéier. Nieft der Präisdeierecht gëtt et och vill Konkurrenz vu grousse Shoppingzenteren a vum Online-Handel.
Mä dacks feel et och einfach u qualifizéierter Main d’oeuvre. Eigentlech leeft d’Bäckerei "Beim Luss" zu Clierf ganz gutt. Kee Grond fir sech ze beschwéieren, fënnt d’Patronne Anne Allard.
"Mir sinn am Summer. Et ass Héichsaison. Mir hunn Touristen aus dem Ausland. Och lokal Touristen. Also déi lescht véier bis fënnef Woche kënne mer net kloen. Et leeft tipptopp."
Et kéint nach besser lafen, mä duerch een akute Personalmangel gëtt de Business-Elan nawell gebremst.
“Ech sichen zanter Méint ee Bäcker. An där ass einfach keen ze fannen an doduerch muss ech zwee Deeg zoumaachen, wou ech dann natierlech och meng Clientë verléieren, respektiv se komme manner. A fir meng Leit ass et natierlech och méi Stress, se musse méi schaffen.”








Zanter Méint sicht d’Anne Allard eng qualifizéiert Aarbechtskraaft. Iwwer Radio, Zeitung, sozial Medien a souguer am Ausland huet si Annoncë gemaach – ouni Succès. E grousse Retour hätt et net ginn. Wouru läit dat?
“De Bäcker-Beruff ass een haarde Beruff. Du schaffs an der Nuecht. An ech denken, dass déi Generatioun vun haut net méi sou wëll schaffen, an der Nuecht. Si wëlle méi déi klassesch Auerzäiten. An dat mécht et menger Meenung no schwéier. An och mir hei uewen am Norden, et ass anescht wéi an der Stad, wou mer méi no zu Frankräich sinn. Do ass et méi einfach fir Fransousen eriwwerzekommen, wéi bis erop op Clierf.”
Donieft gëtt et nach eng weider Konkurrenz, erkläert de President vum Clierfer Geschäftsverband Yves Brever.
“Eng Gemeng an de Staat huelen engem do och vill Personal fort. Do ass et scho schwéier, fir een ze behalen. Och mat deene Paien. Et ass einfach fir e Privatbetrib net méiglech, fir dat ze bezuelen.”
Allgemeng wier et aktuell net einfach, fir een eegent Geschäft opzemaachen.
“Et ass ganz sécher net einfach, Independant ze sinn. Also ech kann do wierklech soen, et steet een och gäre mol sechs Deeg an der Woch a sengem Geschäft. Domadder muss een och eens ginn. Et ass eng Erausfuerderung. Mä ech denken, et ass awer ëmmer nach eng super Saach, säin eegene Chef ze sinn.”
De President vum Clierfer Geschäftsverband Yves Brever. / © Annick Goerens