De Programm Lëtzebuerger am Ausland, kuerz LamA, gëtt et schonn zanter 2018, ass awer net jidderengem bekannt.

A bestëmmte Situatiounen ass de Programm Lëtzebuerger am Ausland (LamA) immens sënn- a wäertvoll. Wéini soll ee Bescheed ginn, datt een an d'Ausland reest, wat muss een un Donnéeën uginn a wat gëtt domat gemaach? D'Claudia Kollwelter huet beim Ausseministère nogefrot.

Lëtzebuerger am Ausland - E Reportage vum Claudia Kollwelter

Dem Sarah Anjo vun der Assistance consulaire vum Ausseministère no soll een am Fong ëmmer en Deplacement iwwer de guichet.lu mellen.
 
"Net wann ee fir een Dag fortgeet. Mee wann ee fir eng oder zwou Woche verreest, wann een an d'Ausland wunne geet oder an d'Ausland studéiere geet, kann ee sech och roueg umellen." 

 
Gefrot ginn eng Partie Donnéeën, déi nëtzlech si fir d'Ambassaden a Konsulater am Fall vun zum Beispill Naturkatastrophen oder Konflikter op der Plaz, wou d'Leit dee Moment sinn.
 
"Wou der higitt, wien ass Kontaktpersoun zu Lëtzebuerg oder am Ausland. Wou sëtzt ee sech nidder, a wéi engem Hotel, maach der eng Croisière a wa jo, wat ass den Numm vum Schëff, ass et eng privat oder eng berufflech Rees." 
 
Wat ee méi Informatiounen huet, wat een och éischter hëllefe kéint, seet d'Sarah Anjo vum Ausseministère a präziséiert, datt déi Donnéeën anonymiséiert ginn, wann d'Leit bis zwou Wochen zréck am Grand-Duché sinn. Virun allem a Fäll vu Konflikter wier de Programm immens nëtzlech.
 
"An der Ukrain ware mer frou, Donnéeën ze hunn an ze wëssen, wie mer kontaktéieren, wou d'Leit sëtzen an wou ass hir Telefonsnummer. Mat eise Statistike wësse mir dacks, wéi vill Leit a verschidde Länner sinn, mee mer hu keng Telefonsnummer oder E-Mail-Adress. Mam LamA hu mer alles." 

 
Am Fall vum Konflikt am Noen Osten zum Beispill goufen et zanter Oktober zejoert zeg Deklaratioune vu Leit aus Israel, Palästina a Libanon.
 
"Dann ass et och sou, datt mir Leit proaktiv kontaktéieren, mir froe wou se sinn, ob se Hëllef brauchen, e Vol, genuch Geld, oder Famill oder Kolleege sur place."
 
De Ministère huet donieft och eng Permanence, wou ee sech via Telefon zu all Moment melle kann am Fall vun engem Problem am Ausland.