Stellt Iech vir, Dir hutt fir owes Gäscht invitéiert. Dir waart de Moie fréi am Supermarché, stoungt de ganzen Dag an der Kichen, fir de perfekte Menü um Dësch ze hunn, mä är Invitéeë kommen elo einfach net. Ouni Bescheed ze soen, well se d’Invitatioun entweder vergiess hunn, keng Loscht hunn oder nach eng zweet Invitatioun hunn, déi hinne spontan besser gefält. Ville Restaurateuren kënnt dat reegelméisseg vir, mam wichtegen Ënnerscheed, datt si hiert Liewe mam Kache verdéngen an och d’Personal musse bezuelen.
De sougenannten “No show” am Horeca-Secteur ass e Problem, deen ëmmer méi grouss gëtt, heescht et vun der Horesca, déi d’Intresse vun der Branche vertrëtt an och scho probéiert huet, de Client ze sensibiliséieren. An awer kënnt et nach ëmmer vir, datt Leit trotz Reservatioun net kommen, och a Stärerestauranten. De Louis Linster seet, et wier zwar ganz rar, mä et kéim vir. Nach deen Owend, ier mir bei him waren, fir en Interview ze maachen, gouf hie vu potentielle Clientë sëtze gelooss.
Bei engem Dësch vu 4 Persoune sinn dat liicht 1.000 Euro, déi fort sinn. Zënter zwee Joer schützt sech de jonke Kach virun esou Verloschter.
“Et ass am Fong e System, do ginn d’Leit hir Nummer vun der Kreditkaart an, déi gesi mir net, déi ass am System gespäichert a wa se net kommen, da brauche mir just op “No show” ze klicken an da gëtt d’Kaart ofgebucht.”
An deem Fall kascht et dann 170 Euro. Dat gëllt natierlech nëmmen am Fall, wou de Client einfach net opdaucht. Wann e sech ofmellt, well et en Noutfall gëtt, ass d’Situatioun eng aner. Mä och wann ee kuerzfristeg annuléiert, gëtt et dacks eng Perte, seet de Generalsekretär vun der Horesca, de Steve Martellini.
“Wann den Dag selwer ofgesot gëtt, ass et natierlech schwiereg, deen Dësch den Dag selwer nach eng Kéier ze besetzen. Haaptsächlech elo am Fine Dining, mä dat zielt awer och fir den traditionelle Restaurant. D’Wuer ass bezuelt. Et ass eng Perte, déi eemol op den Ëmsaz schléit an och op d’Wueren, déi musse kaaft ginn.”
D’Anne Knepper, déi regional a saisonal kacht, huet hire Restaurant virun engem gudde Joer opgemaach an hir Philosophie a Saache Reservatioun séier missten iwwerdenken.
“Am Ufank hu mer mol guer näischt gemaach, fir datt d’Leit einfach kënne reservéieren an all Mënsch ka kommen, dee wëll kommen, ouni datt et Hürde gëtt. Mir hunn awer ganz séier gemierkt, datt Leit sech umellen an net kommen. Dat heescht, no e puer Méint hunn ech decidéiert, dem Problem entgéintzegoen.”
D’Anne Knepper huet dunn och e System agefouert, wéi et en zum Beispill beim Louis Linster gëtt. Am Ausland ass et iwweregens schonn op ville Plazen Usus, dass ee bei der Reservatioun seng Kreditkaart muss uginn an de Louis Linster gesäit do och kee Problem:
“Ech fannen dat awer normal, well wann der elo zum Beispill an d’Vakanz gitt, do si vill Hoteller, déi froen, fir virdrun ze bezuelen, also ier een iwwerhaapt do ass an dat stéiert jo awer anscheinend keen.”
A wéi gesot, d’Restaurante sinn tolerant an hu Versteesdemech fir Noutfäll. Anengems verlaangt eng gutt Kannerstuff vum Client awer och, datt een ofseet, soubal ee weess, datt ee seng Reservatioun net kann anhalen.