
Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn.
“Sech zu dësem Zäitpunkt an der Architektur selbststänneg ze maachen - war kloer, datt net evident géif ginn”, seet d’Céline Zimmer, déi trotzdeem de Schratt gewot huet an zesumme mam Florian Hertweck dëst Joer den Architektebüro “LessYellow” gegrënnt huet. Am Kader vun eiser Serie iwwert Independanten huet d’Claudia Kollwelter mat hir iwwert hir Motivatioun an d’Erausfuerderunge geschwat.
“LessYellow” heescht de Projet vu béiden Architekten. E Numm deen eng ganz kloer Bedeitung huet. D’Céline Zimmer erkläert:
“An der Architektur ginn et dräi verschidde Faarwen, déi een an den Architekturspläng benotzt. Dat ass schwaarz oder gro fir Bestandswänn, rout fir Neibau a giel fir Ofrappen. Wann een den Numm bis versteet, da weess een e bëssen, woufir mer stinn. Et ass eben effektiv esou, dass sech duerch déi ganz Erausfuerderung vun der ökologescher Transitioun, de Beruff vun der Architektur och e bësse geännert huet. A mir probéieren elo an der Praxis dorop eng Äntwert ze ginn.”
D’Iddi sech selbststänneg ze maachen, hat d’Céline Zimmer ëmmer schonn:
“Ech hat eng Kéier an engem anere Büro geschafft. Et ass mer opgefall, dass ech iergendwéi e bëssen anescht schaffe wëll, net nëmmen eng aner Architektur maachen, mee och anescht wëll an deem Beruff schaffen. An do war d’Selbststännegkeet fir mech dat, wat natierlech am nooste war. Mee ech muss awer wierklech ganz éierlech soen: ech hunn et, obwuel ech gutt drop virbereet war, a vill Leit a mengem Ëmfeld hunn, déi selbststänneg sinn, et souguer e bëssen ënnerschat, mengen ech.”
Säin eegene Patron ze sinn an der Privatwirtschaft wier haart a vill Saache wéisst een eréischt, wann ee se bis selwer erlieft, seet déi jonk Architektin. Si versteet och, datt verschidde Clienten erschreckt sinn iwwer d’Präisser, déi si froen, mee:
“Also éischtens facturéieren ech net 40 Stonnen d’Woch, 120 Euro d’Stonn. Zweetens maachen ech vill Administratioun. Drëttens muss ech mäi Büro bezuelen, mäi Stroum bezuelen, meng ganz Steiere bezuelen, a sou weider. An zum Schluss kriss de vun den 120 Euro d’Stonn ongeféier 60 eraus an dann hues de däi Loyer nach net bezuelt.”
Béid Architekte sinn awer ganz optimistesch, datt hire Projet gutt funktionéiere wäert. Et wéisst een, datt och haart Zäiten op se duer kéimen. Trotzdeem wéilten se net Projeten unhuelen, déi géint hir Prinzippie ginn, just fir ze iwwerliewen, mee un hire Grondsätz festhalen huet d’Céline Zimmer nach betount.
Serie Independanten - Deel 1: Wéi vill Leit maache sech nach selbststänneg an a wéi enge Beräicher?