Reparaturaarbechten eriwwer8 Vollen annuléiert a 15 Verspéidungen, mee Pist um Findel ass nees op

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie gouf et Problemer mat der Start- a Landebunn, déi fir een Ament net konnt befuer ginn.
8 Vollen annuléiert a 15 Verspéidungen, mee Pist um Findel ass nees op
E Mëttwoch de Moie gouf et Problemer mat der Start- a Landebunn, déi fir een Ament net konnt befuer ginn.

Fermeture Findel / Reportage: Chris Meisch

Ferm Problemer e Mëttwoch de Moien um Findel. Vun 9.30 Auer u war de Fluchverkéier um Findel praktesch komplett gestoppt. Et gouf Problemer mat der Start- a Landebunn, déi deen Ament net konnt befuer ginn. Wéi et am Communiqué vu Lux-Airport heescht, gouf et Schied am Asphalt vun der Start- a Landebunn. Dës Schied goufe Luxairport no bei enger Inspektioun vun der Pist entdeckt.

Den Alexander Flassak, de CEO vu Luxairport am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg

Ma wéi ass d’Lach dann iwwerhaapt entstanen? Alexander Flassak (Generaldirekter Lux-Airport):

“Es gibt wahrscheinlich keine mechanische Überbeanspruchung, das heißt, es gab keine besonders harte Landung oder einen Sonderfall, ein Einzelereignis. Sondern es ist eine Beanspruchung, eine Fehlstelle, die aufgetreten ist, wir analysieren das. Die Start- und Landebahn ist ja nagelnau im Grunde, wu rde die letzten zwei Jahre saniert. Wir haben Kernbohrungen vorgenommen und schauen uns das genau an.”

Am Ganze goufen aacht Vollen ofgesot, ronn 700 Leit waren dovunner betraff. Bis an de spéiden Nomëtteg era gouf et 15 Verspéidungen, wouvu 1.450 Passagéier concernéiert waren.

Offiziell goufen dann eng ganz Partie Annulatioune bei den Departe confirméiert, dat fir Zürech, München, Amsterdam, Frankfurt, Barcelona, Istanbul an Oslo. Annulatioune bei de Landunge gouf et och, respektiv Flich hu missen op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn.

Spéitstens um Donneschdeg de Moien dierft um Fluchhafe Findel iwwerdeems nees alles normal rullen an de Start an d’Vakanz méi entspaant verlafen.

Hei de Communiqué vun der Luxair als PDF

Back to Top
CIM LOGO