Et ass e Projet-Phare vum ëffentleche Promoteur SNHBM
Virun 10 Joer gouf ugefaangen, un deem Quartier ze plangen, an deem eng Kéier 2.000 Leit solle wunnen.
Et ass e Quartier, an deem aus Nohaltegkeetskrittären d’Haiser aus Holz gebaut sinn an d’Gebaier allgemeng net ënnerkellert sinn. Den Auto soll aus dem Stroosseraum sou wäit et geet eraus bleiwen, dofir ginn et zentraliséiert Parkhaiser a keng Parkplaze virun der Dier. Haut sinn 150 Wunnunitéite fäerdeg gestallt an deenen iwwer 500 Leit wunnen. 110 Unitéite sinn am Bau a fir déi nächst Jore sinn 100 weiderer geplangt.
D’SNHBM ass zefridde mam Progrès vum Chantier, sou den Direkter vun der SNHBM Guy Entringer: “Ech ginn dervun aus, dass mer nach dräi, véier Joer op dësem Site schaffe wäerten. An dann ass den éischten Deel vun Elmen gebaut. An da wäerte mer direkt viru fuere mam zweeten Deel vun Elmen, wou mer amgaange sinn de PAP ze finaliséieren. An do kommen och nach eng Kéier 150 Wunnengen derbäi.”
25% vun de Wunnenge si fir d’Locatioun geduecht, 75% fir de Verkaf. Aktuell gouf awer fir iwwer 50 Haiser déi an der Vente sinn nach kee Keefer fonnt. Et géing awer näischt eidel stoen, präziséiert de Guy Entringer:“All déi Wunnengen, déi net verkaf sinn, déi sinn am Bau. Mä wa se duerno kee Käfer géinge fannen, da gi se selbstverständlech verlount.” D’Präisser fir den abordabele Wunnraum fänke bei 630 174 € u fir en Haus, 421 142 € fir en Appartement.
Eng 40 Famillen, déi elo schonn zu Elmen wunnen, hu sech an engem Quartiersveräin zesummegedoen, deen och mat der SNHBM a mat der Gemeng zesummeschafft. Nodeems si elo e bis zu engem Joer do wunnen, weise si sech éischter zefridden. Den Austausch ënnert den Nopere géing gutt klappen an et géing ee sech géigesäiteg hëllefen, seet de President vu “MyElmen” Geir Sandvik Hjelen. D’Kanner géingen heiansdo d’Stroossen iwwerhuelen, fir Futtball ze spille bis Owes spéit, mee dat wier jo och esou geplangt am Auto-reduzéierte Quartier.
De Supermarché beim Quartier Elmen geet réischt am Mäerz d’nächst Joer op, déi sougenannte Maison pour tous mat verschiddene Commercen am Fréijoer 2025 an d’Schoul eréischt fir déi nächste Rentrée. Dat géing awer net weider stéieren, esou de Geir Sandvik Hjelen: “Et stéiert méi mat Camionen, déi fueren duerch, Liwwerautoen, déi fueren duerch, et geet ëmmer e bëssen ze schnell heiansdo, awer dat geet och besser lues a lues.” Verschidden Awunner géingen nach léiwer méi no bei hirem Haus parken, mee och dat géing sou lues besser goen.
2.000 zousätzlech Awunner, dat bréngt fir d’Gemeng natierlech och e groussen infrastrukturellen Opwand mat sech. Dee gréissten Invest wier fir d’Schoul an d’Maison relais fir iwwer 400 Kanner, sou de Kielener CSV-Buergermeeschter Félix Eischen: “Do si mer net wäit fir 50 Milliounen ewech. A wann dann 2.000, 2.200 Leit bäikommen, do si vill jonk Stéit do, do si vill Kanner do, an déi géifen och gär Sport maachen. Déi musse jo och vun der Schoul aus hire Sport kënne maachen. Dann ass virgesinn, eng Sportshal ze bauen. All Mënsch weess, dass déi och net ganz bëlleg sinn. Do leie mer dann och no bei 20 Milliounen.” D’Sportshal géing och sou ausgeluecht ginn, datt een eventuell nach eng Schwämm kéint dobäi bauen, wann de Budget et deen Ament nach hiergëtt. Méi eng staark Belaaschtung um Niveau vum Trafic hätt ee bis elo iwwerdeems duerch den neie Quartier net kënne feststellen.
An der Gemeng Kielen gëtt natierlech net just de Quartier Elmen gebaut. De Buergermeeschter geet dovunner aus, datt d’Gemeng bis 2030 vun elo 7.000 op knapp 10.000 Awunner wuesse wäert.