Am Mee 2021 huet d’Cour administrative decidéiert, den neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg fir de Schëttermarjal z’annuléieren.

Op dësem Kierchbierger Fiels tëschent der Rouder Bréck an dem Pafendaller Sichenhaff wëllt e private Promoteur nämlech, mat der Stad Lëtzebuerg, iwwer 400 Wunnenge bauen. Am Sënn vu Politik an Zäit: Hätten d’Stater Urbanisten net vergiess, déi vum Gesetz virgeschriwwen Ëmweltetuden an Optrag ze ginn!

Plangen a bauen, ouni Reegelen anzehalen

Mir bauen esou séier wéi méiglech, ouni gréissert Gedeessems, wat Etuden ugeet – geschützte Fauna a Flora sollen dem Mënsch Plaz maachen. Sou versteet een de Message vum Auteur vum Stater PAG an elo jo och vum Premier Frieden. Dat gëllt wuel grad esou fir Schëttermarjal, de Wupp vun deem Plateau, op deem an de 70er schonn zimmlech héich Appartementshaiser gebaut gi sinn. Iwwregens: dee bekanntste Proprietär war de Prënz Charel, Brudder vum Grand-Duc Jean.

Vum Schëttermarjal aus huet een eng formidabel Vue op d’Stad – kuckt ee vum Buedem aus, ass se, wat Fauna a Flora ugeet, nach méi fantastesch: gëschter – hei nach ni gesinn: eng Gottesanbeterin!

RTL

Dës Fotoe schéckt d’Presidentin vun der ASBL fir de Schutz vum Schëttermarjal, Nelly Thilges, direkt un de Musée respektiv un de Site "iNaturaliste" – fir an deenen hir Datebank opgeholl ze ginn, kéint een net fuddelen.

Neen zum Verbaue vun dësem Site 

Hei wëllen engersäits d’Stad Lëtzebuerg, mee och e private Promoteur bauen. Den Terrain gehéiert béiden zu 50%. Jo, et sinn eng ganz Rei Hektar, mee och jo, dee ganze Kierchbierg géif verbaut, firwat also net e Stéck der Natur iwwerloossen? Dorëm géing et nämlech, erkläert de Jeff Baden, dee Joerzéngte schonn hei wunnt a mam Wuert "Nimby" hei op kee Fall d’accord ass. Als Member vun dëser ASBL géing et hinnen ëm d’Saach, net ëm hir eegen Intressien, respektiv hir Liewensqualitéit. Wichteg wier d’Erhale vun den Espècen hei um Site, well déi wieren op nationalem an europäeschem Niveau geschützt.

Déi Meenung vertrëtt och de François Massard, Vizepresident vun der ASBL, fir de Schutz vum Schëttermarjal; zesumme mam Roland Harras, vum Interesseveräin Kierchbierg ass hien der Meenung, dass Fauna a Flora onbedéngt musse protegéiert ginn, well se eben exzeptionell wieren.

Eng Léisung ouni Happy End?

Weder vu Gemeng nach vum Ëmweltministère hätt een an der Tëscht Informatioune kritt, wéi nom Nee vum Geriicht konkret mam Areal ëmgaange géif. Vun der Naturverwaltung goung vun engem Plan de Gestion rieds, dee soll verhënneren, dass de Plateau komplett zou wiisst an déi Espècen, déi Sonn brauchen, ewech stierwen.

Eng national Protektioun, esou wéi d'Spëtzt vum Kuebebierg se krut

Der Nelly Thilges no sollt een um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg no Alternative sichen, ouni esou e wäertvollt Areal ze zerstéieren. D’ASBL-Presidentin verlaangt e Schutzstatus fir dee ganze Schëttermarjal.

Gëtt manner gebaut? Méi héich? Rieds geet vun 12, 13 Stäck. Méi héich, méi Schied, heescht manner Sonn och fir déi geschützte Schlingnatter?

D’Membere vun der ASBL bleiwen um Ball, wëllen dat viruféieren, dat déi Honnerte Leit an der PAG-Prozedur lancéiert hunn. Schëttermarjal brauch en neie Bebauungsplang; obschonns offiziell net gewosst ass, wat d’Stad Lëtzebuerg wëllt bauen a baue loossen, bleift hiert Engagement dat, wat et war an ëmmer nach ass an dat och muer nach.

Fir dass Schëttermarjal eng national protegéiert Zone gëtt, esou wéi niewendrun d’Spëtzt vum Kuebebierg.