Vun 1882 bis 2005 huet d'ARBED, duerno ArcelorMittal, d'Schmelz zu Diddeleng bedriwwen.

Hunn ugangs Dausende vu Leit hiert Brout hei verdéngt, esou waren et der zum Schluss nach just e puer Honnert.

1984 gouf wuel den Ufank vum Enn vun der Diddelenger Schmelz agelaut. D'Héichiewe goufen dem Buedem gläichgemaach, dat waarmt Walzwierk war Geschicht.

Zanter bal 20 Joer läit de Site brooch. Am Joer 2016 huet de Lëtzebuerger Staat den Terrain opkaaft. De Fonds du Logement wäert an den nächste Joren hei e fuschneie Quartier bauen. E Mix aus Wunnengen, klenge Geschäfter, Schoulen, Crèchen a Gréngflächen.

Bis 3.500 Mënsche wäerte spéider am Quartier "Nei Schmelz" hei liewen. Bal 1.600 Logementer gi gebaut. Eng Partie Gebaier vu fréier bléiwen erhalen a kréien neit Liewen agehaucht.

Zanter e puer Méint hunn déi éischt gréisser Aarbechten um Site ugefaangen. Ronn 40 Hektar grouss ass de Site.