Am Norde gëtt aktuell eng 2. Landeplaz fir de Rettungshelikopter gesicht. An deem Kader haten d'Responsabel vum CGDIS och Gespréicher mat der Gemeng Ëlwen.

Dobäi ass et nieft dem Neibau vun der Pompjeeskasär och drëms gaangen, en Heliport z'amenagéieren.
 
D'Diskussioune wieren awer ouni Resultater verlaf, sou d'Gesondheetsministesch an den Inneminister. Wéi Martine Deprez an Léon Gloden preziséieren, wäert d'Landeplaz vum Rettungshelikopter nieft dem Ettelbrécker Spidol awer och an Zukunft bestoe bleiwen - dëst onofhängeg dervun, op e weidere Site fir en Heliport am Éislek fonnt gëtt oder net.
 
D'Froen iwwert eng weider Landeplaz am Norden hat den DP-Deputéierten Bauler den CSV-Ministeren gestallt.