
Amazon huet en Donneschdeg matgedeelt, datt sech d'Investitiounen zu Lëtzebuerg am Joer 2025 op iwwer 1,9 Milliarden Euro belaf hunn. Dës Zomme bezéie sech net nëmmen op d'Infrastruktur an d'Paie fir d’Mataarbechter, mee och op indirekt Investitioune ronderëm de Betrib. Enger Etüd vum Berodungsbüro Keystone Strategy no huet de Grupp domat en zousätzlechen Impakt vu 750 Milliounen Euro op de Lëtzebuerger Bruttoinlandsprodukt (PIB) geleescht.
Zu Lëtzebuerg sollen zejoert iwwer 4.250 Leit direkt fir Amazon geschafft hunn. Donieft gouf et ronn 6.500 Aarbechtsplazen, déi weider duerch Amazon entstane sinn. Den US-Konzern ënnersträicht am Schreiwes besonnesch seng Kompetenzen a Beräicher wéi der Kënschtlecher Intelligenz, Cloud Computing a Satellitten-Technologie an nennt Lëtzebuerg eng "strategesch Dréischeif fir déi europäesch Operatiounen".
D'Vizepresidentin vun Amazon European Stores Mariangela Marseglia huet dobäi de Grand-Duché fir säin "aussergewéinlecht Talent“ an déi favorabel wirtschaftlech Bedéngungen explizitt gelueft.
Zënter 2010 huet Amazon eegene Recherchen no iwwer 13 Milliarden Euro zu Lëtzebuerg investéiert. Déi kumuléiert Bäiträg fir déi national Wirtschaftsleeschtung sollen an där Zäit iwwer 4 Milliarden Euro ausgemaach hunn. 2025 huet d'Investitioun de Joresbudget vun der Stad Lëtzebuerg iwwerschratt.
De Konzern huet zousätzlech d'Zesummenaarbecht mat verschiddenen Associatiounen am Land betount. Bis Enn 2025 goufen iwwer 330.000 Euro un d’Lëtzebuerger Rout Kräiz gespent, dorënner och medezinescht Material fir d’Ukrain, souwéi Laptoppen un Digital Inclusion an Hygiène-Kitten a Schoulmaterial fir Stëmm vun der Strooss.
Hire Büro huet Amazon schonn 2003 zu Lëtzebuerg opgemaach, mëttlerweil huet sech d'Entreprise op aacht Gebaier um Kierchbierg ausgebreet.
Dës Zuele goufen en Donneschdeg verëffentlecht, dat just e puer Méint nodeems Amazon op internationalem Plang ugekënnegt hat, am Kader vun engem groussen Ëmbau-Programm weltwäit ongeféier 16.000 Aarbechtsplazen ofzebauen. Kuerz virdru war nach vun 30.000 Plaze rieds. Wéi Amazon matgedeelt huet, wier Lëtzebuerg dovun net betraff, bis op déi 370 Plazen, déi am Dezember am Grand-Duché aus organisatoresche Grënn gestrach goufen.
De Konzern hat deemools erkläert, dës Reform géif "d'Schichte reduzéieren, méi Verantwortung bréngen a Bürokratie ofbauen“, wärend weider Investissementer, virun allem am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz, gemaach géifen.
Aktuell steet Amazon och nach ëmmer ënnert enger gewësser Regulatiounskontroll an Europa. Am Mäerz hat d'Verwaltungsgeriicht zu Lëtzebuerg eng GDPR-Strof vu 746 Milliounen Euro vum nationalen Dateschutzkommissariat CNPD opgehuewen. Dat well d'CNPD net genuch iwwerpréift hätt, ob d'Dateschutzverletzungen express oder noléisseg waren, éier d'Strof ausgedeelt gouf.
D'Geriicht huet zwar confirméiert, datt et Verstéiss géint den Dateschutz gouf, mee d'CNPD muss d'Dossieren elo nei bewäerten. Amazon weist sech zefridden a betount, am Aklang mat den EU-Reegelen „am gudde Glawen“ gehandelt ze hunn.