Viru genee 80 Joer gouf d'Lëtzebuerger Haaptstad vun den US-Truppe befreit. Den Dag virdru ware si schonn am Süden an d'Land komm.

"Thank You, Merci"
 
Mat dëse Wierder huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg seng Ried am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen. E "Merci" un all déi Zaldoten, déi eist Land verdeedegt hunn. E "Thank You" un d’Amerikanesch Zaldoten, déi eist Land befreit hunn. Eng Zeremonie a Presenz vun der Famill vum Generol Oliver, deen den 10. September 1944 déi 5. Armored Division kommandéiert huet, déi mam Prënz Felix an d’Haaptstad erakoum.
 
Historesch Militärgefierer hu sech Haut op genee de selwechte Wee, vun Helfent aus, iwwer d'Lonkecherstross an d'Stad eragemaach, wéi virun 80 Joer. Deemools waren d'Stroosse schwaarz vu Leit, déi d'Amerikaner häerzlech a virun allem mat Dankbarkeet empfaange goufen.

Déi 5. Armord Divison stoung ënnert dem Kommando vum Generol Lunsford E. Oliver.
 
Wei de Prënz Felix den 11. September 1944 an der Stad empfaange gouf, huet de Generol Oliver, de Prënz mat op de Balcon vum Cercle begleet. Fir d’Zeremonie Haut ware Familljemember vum verstuerwene Generol op Lëtzebuerg invitéiert ginn. Ënnert hinne säin Enkel Don Oliver, dee sech u säi Bopa erënnert huet. En diskrete Mann, deen aus sech ni vill iwwert de Krich erzielt hätt. Just, wann een en op déi Zäit ugeschwat hätt. Eng Anekdot ass awer bei der Famillen hänke bliwwen, den Enkel Don Oliver erzielt:

"Déi Foto mat him an dem Grand-Duc um Balcon vum Cercle, koum op d'éischt Säit vun enger Lëtzebuerger Zeitung. Drënner stoung: Generol Patton. An net den Numm vu mengem Grousspapp. Deen huet d'Foto erausgeschnidden an dem Generol Patton geschéckt. Si ware Frënn. Mat der Remark: Georges, sou gutt hues du nach ni ausgesinn."

"Mir wäerten nimools vergiessen"
 
De Premier Luc Frieden huet virop all de Famillje "Merci" gesot, déi e Fils, eng Duechter, e Papp, eng Mann op Lëtzebuerger Buedem verluer hunn. Fir dat mir a Fridden liewen. Och Haut nach.

"Ech soen all deenen, an Amerika an an anere Länner, déi ons gehollef hunn, de Fridden zeréckzegewannen: 'mir wäerten nimools vergiessen'."
 
De Premier huet och d'Sacrificer vun all de Lëtzebuerger gewierdegt, déi wärend iwwer 4 Joer Occupatioun, d'Bengelen net bei d'Tromm gehäit hunn.

D'Stad Lëtzebuerg war fräi. Awer nach laang net dat ganz Land! 
 
Mat der Ardennen Offensiv sollten nach batter Wochen a Méint kommen. Bis am Abrëll 1945 d'Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil zeréckkoum. D'Stater Buergermeeschtesch huet un d'Wierder vun der Grande-Duchesse deemools erënnert. D'Grande-Duchesse hat et versprach: ee méi mënschlecht, méi gerecht Land nees opzebauen, an deem et sech gutt liewe léisst.

Microtrott Libération / Reportage Pit Everling

Historesche Réckbléck - Keng genee Zuele vun Affer wärend der Liberatioun

Liberatioun vun der Stad: D'Amerikaner kommen an d'Land
En historesche Réckbléck iwwer d'Liberatioun vun der Stad

Nodeems d’Amerikaner den 9. September 1944 zu Bartreng Stopp gemaach haten, fir sech nei ze forméieren, huet d’Kolonn sech um Moie vum 10.September nees a Beweegung gesat. D’US-Arméi ass nach vereenzelt op Widderstand gestouss.
 
Um Dag vun der Liberatioun gouf et an a ronderëm d'Stad allerdéngs och zivil Affer. Zum Beispill zu Zéisseng. Do si véier Meschen ëm d'Liewe komm, dorënner zwee Kanner, wéi se en Tunnel wollte fräiraumen deen allerdéngs verminnt war. Wéi vill Ziviliste genee bei der Befreiung ëm d'Liewe komm sinn, doriwwer ginn et keng Statistiken. D'Historiker gi vun 20 bis 30 Affer aus. 
 
Och wat Verloschter op amerikanescher oder op däitscher Säit ugeet, gëtt et fir den Dag vun der Liberatioun keng genee Zuelen.