An der Schoul soll all Kand nämmlecht sinn an all Kand huet e Recht op Bildung. Ma d'Schoulrentrée verleeft awer net fir all Kand nämmlecht.

Ee Schicksal, dat dacks am Verbuergene bleift, ass dat vu Schüler a Schülerinnen, déi an engem Foyer fir Refugiéë liewen. Eng Realitéit, déi d’Monica Camposeo versicht huet anzefänken, an dobäi op vill Schwieregkeete gestouss ass.
 
Et schéngt eng Parallelgesellschaft, déi dacks net gesi gëtt. Virun engem Foyer zu Miersch waarde mir op eng Famill, déi hei lieft. Direkt gi mir vu Mataarbechter ugeschwat. Et ass Méindeg am fréien Owend an awer gëtt versicht, zoustänneg Leit am Büro ze erreechen. Dat, obwuel mir kloer soen, dass mir den Interview dobausse maachen. Als Presse dierfe mir nämlech net a Foyere vum ONA, dem Nationalen Office fir den Accueil, filmen. Eng Demande fir en Tournage gouf refuséiert. Och just eran, ouni Kamera, dierfe mir net. D'Mataarbechterin aus dem Mierscher Foyer wëll den Numm vun de Leit wëssen, déi mir treffen, obwuel mir ëmmer nees widderhuelen, dass mir dobausse bleiwen.

Well mir net eran dierfen, treffe mir déi zwou Schülerinne Katalina a María Antonia mat hirem Papp dobaussen. D'Famill ass virun 10 Méint aus Kolumbien op Lëtzebuerg geflücht. Déi zwee Meedercher gi gären an d'Schoul, dat soe si direkt e puer Mol. Ma hir Wunnsituatioun géing si awer och mol vum Léieren oflenken. Besonnesch wéinst den Hygièneskonditiounen. D'María Antonia erzielt, dass et am Mathéscours heiansdo géing ufänken z'iwwerleeën, wisou d'Toiletten esou knaschteg wieren. De Kapp wier doduerch ganz voll, mat der Konzentratioun fir d'Mathé ass et schwéier. D'Meedche vun 11 Joer ass am Cycle 4.2, dem fréiere 6. Schouljoer, an enger Accueil- an Integratiounsstruktur. 
 
Wann d'Schoulmaterial ze deier gëtt
 
Dem María Antonia seng grouss Schwëster d'Katalina huet 15 Joer an ass am Lycée an enger Classe d'accueil. Fir d'Schoulmaterial ze kafen, kréien d'Refugié-Famillje Bongen. Wann dat net duergeet an d'Eltere bäileeë mussen, géing et schwéier ginn, esou d'Katalina. An esou Fäll kënnen och Associatiounen hëllefen. Den Emanuele Santi huet d'App "Riding the Rainbow" entwéckelt, op där Schoulmaterial, mee och Vëloen oder Trottinettë kënne verschenkt ginn. Esou huet hien d’Famill aus Kolumbien kennegeléiert. Duerch d'App huet hie gemierkt, dass Kanner, déi manner finanziell Moyenen hunn, d'Schoul dacks ganz anescht ufänken a sech ausgeschloss fillen. Einfach Géigestänn, déi si kënne geschenkt kréien, géingen dobäi immens hëllefen.
 
Dat confirméiert och de Charel Schmit. Als Ombudsman fir Kanner a Jonker dierf hie sech e Bild bannent de Refugiésstrukture maachen. Besonnesch provisoresch Strukturen, wéi de Foyer zu Miersch oder den Don Bosco um Lampertsbierg, wiere fir Kanner net gëeegent. De leschten Zuele vum OKAJU no wunne ronn 2.000 Kanner a Jonker a Strukture vun der Flüchtlingshëllef, Stand Fréijoer dëst Joer. Ronn 1.400 Kanner sinn am schoulflichtegen Alter. 173 Mannerjäreger sinn ouni hir Elteren oder e Familljemember hei. Allgemeng kann ee soen: Ronn een Drëttel vun all de Refugiéen, déi an enger Struktur wunnen, si Kanner a Jugendlecher.
 
Däitleche Message un d'Politik
 
Verschidden al a provisoresch Foyere géingen "ni iergendwellech aner Krittäre vun anere sozialen Ariichtungen fir hir Zouloossung Stand halen". Dowéinst mécht den Ombudsmann fir Kanner a Jonker Charel Schmit den däitleche Opruff un d'Politik, dass d'Infrastrukturen an deene Kanner a Jugendlecher liewen, solle gläichwäerteg sinn. Och de Foyer zu Miersch, an deem d’María Antonia an d’Katalina wunnen, wier definitiv net fir Kanner gëeegent, esou de Charel Schmit. Och dowéinst wier et wichteg, dass d'Kanner an der Schoul gutt opgefaange ginn.

An hire Klasse fille sech déi zwou Schwësteren immens wuel, soe si. Hir Frënn wunnen och a Foyeren, dowéinst wier et kee Problem, fir si mat "heem" ze bréngen. Dorunner misst awer allgemeng geschafft ginn, esou de Charel Schmit. Fir Flüchtlingskanner, déi an eng Regelschoul ginn, wier dat immens schwéier, wa si hir Frënn, déi net an engem Foyer wunnen, net kënne matbréngen. Och Gebuertsdeeg feieren, wier net méiglech, dat féiert dozou, dass d'Kanner sech ausgeschloss fillen.

Wou sech awer eppes géing doen, wier bei der Hausaufgabenhëllef. Do huet den ONA a vereenzelte Schoulen Offeren en place gesat, fir dass d'Kanner bei den Hausaufgabe kënne betreit ginn.
 
Och d’Katalina bleift fir d'Hausaufgaben dacks nach an der Schoul. Dat wier méi einfach. D'Zëmmer, an deem d'Famill wunnt, huet nämlech keng Fënster. "Dat ass schonn e bëssen traureg", ma do misste si elo duerch, soen déi zwee Meedercher daper. Si si sech eens: si wëllen hei bleiwen. 
 
Fir d’Schoulrentrée hu mir iech op dëser Plaz ënnerschiddlech Kanner a Jonker virgestallt:

E Reportage iwwer d'Schicksal vu Kanner a Jugendlecher ze realiséieren, déi an engem Flüchtlingsfoyer wunnen, war sécherlech mat deene meeschten Hürde verbonnen.