Am Lycée Mathias Adam zu Péiteng soll d’Offer u "Formation Professionelle" nach weider ausgebaut ginn.

D’Monica Camposeo huet zwou Klasse getraff, déi mat dëser Rentrée an hiert lescht Joer kommen an domadder den nächste Summer en DAP, en Diplôme d'aptitude professionnelle, wäerten an der Täsch hunn.
 
An der Elektriker-Klass sinn an dësem Schouljoer 6 Schüler. Si kommen nach zwee Deeg d’Woch an d’Schoul, de Recht vun der Woch si si bei hire Patronen. An enger Klass kënne bis zu 12 Jonker ausgebilt ginn. Ma d’Demande géing vu Joer zu Joer ofhänken, erkläert de Regent Luc Thill. Am Lycée Mathias Adam gëtt dofir aktiv versicht, deene Jonke verschidden Handwierksberuffer virzestellen. Beim Dieudonné Mukendi huet dat geklappt. Hien erzielt, dass hie sech soss ëmmer gäre selwer Wëssen am Elektrikerberäich ugëeegent huet. Mat enger Léier kéint hien awer elo eng Qualifikatioun kréien an duerno och eventuell en eegene Betrib opmaachen. 
 
D'Sich no engem Patron ass net ëmmer einfach
 
Wichteg ass, dass all Schüler am Ufank vun der Léier och e Patron fënnt, soss muss hien ofbriechen. Eng Entreprise ze fannen, wier awer net ëmmer einfach. Dem Luc Thill, Maître d’Enseignement Technique, no wier dat zum Deel, well et fir de Betrib och Käschte bedeit, e Schüler auszebilden. Anerersäits kéint et och en Atout sinn, well de Jonken duerno an der Firma kann iwwerholl ginn.

Dat alles si Schwieregkeeten, déi d’Venteklasse och kennt. D’Schoul an d’Adem géingen dobäi awer hëllefen. D'Debora Da Costa Murruni huet iwwert e Stage, deen déi jonk Schülerin gemaach huet, eng Plaz fir d'Léier fonnt.
 
Ouni d’Mëschung tëscht Praxis an Theorie géing et och net fonctionéieren. Do si sech Schüler a Léierpersonal eens. Fir de Michel Alves Dos Santos kënnt d'Beruffserfarung duerch d'Aarbecht am Betrib. Ma duerch den theoretesche Volet an der Schoul géing een awer och vill Léieren. 
 
Féiert d'Beruffsausbildung an d'Selbststännegkeet? 
 
D’Fro vun der Selbststännegkeet stellt sech dann och dacks scho wärend de Léierjoren. Wärend d’Debora Da Costa Murruni aus der Venteklass sech dat gutt virstelle kéint, wier dat net ëmmer de Fall, esou den Enseignant a Regent Bernard Beck. Och wann e fäerdeg forméierte Jonken net am Léierbetrib iwwerholl gëtt, wéilte senger Erfarung no déi meescht vu senge Schüler éischter ugestallt an engem anere Betrib schaffen.

Am Lycée kréien déi Jonk op jidder Fall déi ënnerschiddlechst Optioune gewisen. Nom DAP ass souwisou fir d’éischt Beruffserfarung ugesot. Ier si dann, fir deen dee wëll, eng Meeschterprüfung kënnen ufänken.