RTL war bei der Rentrée vun der École Nationale pour Adultes an huet mat verschidde Schüler iwwer hir Ziler geschwat.

Am Grënnungsjoer 2011 ware se zu knapps 50. Mëttlerweil sinn an der ENAD, der École Nationale pour Adultes, iwwer 620 Erwuessener ageschriwwen.

Déi fréier "École de la 2ème chance" bitt Schoulofbriecher an deenen, déi sech ëmorientéiere wëllen, nei Méiglechkeeten. Entweder fir en Ofschloss nozehuelen oder eng bestëmmten Ausbildung ze maachen, erkläert d’Melanie Noesen, Direktesch vun der ENAD:

D’Melanie Noesen iwwer d'Méiglechkeeten, déi d'ENAD bitt

"Et kann een hei genee sou gutt eng Première fir Erwuessener maachen. Et kann een eng Formatioun als Educateur maachen, beruffsbegleedend. Mir hunn och nei Formatiounen am Beräich vun der Formation professionnelle am Apprentissage adulte, wou d’Schüler all Kéiers schaffe ginn an op der anerer Säit an d’Schoul kommen. An dann hu mer och 5èmes Klassen an och 4èmes an 3èmes Klassen, wou d’Schüler da kënnen eng Certificatioun kréien, fir dann e weidere Parcours ze maachen, entweder an der Schoul oder awer um Aarbechtsmaart."

Aktuell ginn et 46 Klassen an der Ecole Nationale pour Adultes. Dës sinn op 4 Sitte verdeelt. 3 an der Stad an déi meescht elo am neien ENAD-Gebei um Belval. Do war um Donneschdeg Rentrée an RTL hat an deem Kader d’Geleeënheet, e puer Schülerinnen a Schüler kennenzeléieren, déi vun hirem viregte Parcours am reguläre Schoulsystem erzielt hunn.

De Bob Wehr zum Beispill huet de Lycée virun 10 Joer ofgebrach, well en d’Schoul deemools als Jugendlechen net fir wichteg empfonnt huet. Elo awer wëll hie säin Ofschloss nomaachen, fir méi Chancen um Aarbechtsmaart ze hunn.
De Victor Gabriel Lieser bereit et net, an der Waldorfschoul opgehalen an duerno eng Paus gemaach ze hunn. Hie seet vu sech selwer, e wier elo vill méi motivéiert an decidéiert, säin Zil fir op d’Uni ze goen z’erreechen.

D’Sandy Atkinson fillt sech an der Ecole Nationale pour Adultes och endlech op der richteger Plaz. Si begréisst virun allem, datt ee bei sengem Projet enk vun engem Tuteur an engem Educateur begleet gëtt. D’Ënnerstëtzung vum Léierpersonal beschreift och de Matisse Anselm als Virdeel. Hien huet initial eng Informatiker-Ausbildung gemaach, mee wollt duerno léiwer en anere Wee aschloen. Elo ass hien am zweete Joer "Educateur en alternance" op der ENAD ageschriwwen. Hien geet deemno 3 Deeg an der Woch schaffen an zwee Mol d’Woch an d’Schoul op de Belval.

D’Réussite an der Ecole Nationale pour Adultes läit an der Moyenne bei 70-80 %.