Fir méi a méi séier Logement kënnen ze schafen, gëtt d'Naturschutzgesetz vun 2018 eng weider Kéier ofgeännert.

Den entspriechende Gesetzprojet gouf e Mëttwoch vum Regierungsrot ofgeseent.

Mat der Reform soll ënner anerem d'Obligatioun fale gelooss ginn, fir verschidde Biotoper bannent enger urbaniséierter Zon ze kompenséieren. Do geet et ëm de sougenannte Prinzip vun der "Natur auf Zeit".

Donieft sollen Derogatioune méi einfach méiglech ginn, wann et ëm den Déieren- a Planzeschutz geet. D'Natur- a Bëschverwaltung soll fir kleng Projete kee "Bilan écologique" méi mussen opstellen. Och de sougenannte "Recours en réformation" bei den administrative Juridiktioune soll nees agefouert ginn. Derbäi kommen eng ganz Rei administrativ Vereinfachungen, wat d'Gréngzonen ugeet.